1. Kapesëtzung KaGePe 6.3.2020
Déi 1. Kapesëtzung 2020 vum KaGePe, e Freideg de 6. Mäerz, war gudde Barometer fir eng op en Neits excellent Fuessaison bis Halleffaaschten zu Péiteng! De Centre de Loisirs zu Rolleng war wéi ëmmer struppevoll an dorënner och vill flott verkleete Boken! Si kruten en immens ofwiesslungsräiche Programm gebueden, mat Musek, Danz a lëschtege Sketcher. A matzendran: de Käpt'n, de Matrous, d'Lisa an d'Hüetten Maria a Sharon.
Fotoe vum Petz Flammang
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.