Seniorefuesbal Déifferdeng 2.3.2020
E Méindeg war deen traditionelle Seniorefuesbal vun der Déifferdenger Seniore-Commissioun, dem Club Senior Prenzebierg, Servior an dem CIPA Nidderkuer, déi Kéier fir d'éischt an der neier Hal "O" zu Uewerkuer. Dee grousse Sall war wéi ëmmer ganz gutt gefëllt an et waren nees vill flott Boke mat derbäi, vun deenen dann och déi 3 schéinst mat Präisser belount goufen. Déi Gemengeresponsabel hu sech och ënnert d'Vollek gemëscht an d'Stëmmung op d'Musek vum Käpt'n Ändä, dem Matrous K1000, dem Lisa an den Hüette Maria a Sharon konnt net besser sinn! Den Erléis vum Nomëtteg kënnt dest Joer der Fleegestatioun fir wëll Déiere vun Diddeleng an der ALLM, der Association Luxembourgeoise de lutte contre la mucoviscidose, zegutt.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.