TOP SECRET 1: D'Fourrière judiciaire zu Suessem
An der éischter Top-Secret-Emissioun op RTL Télé Lëtzebuerg (1. Feburar 2010) goung et an d'Fourrière judiciaire op Suessem. 2 vun den 20 Halen um militäreschen Terrain vun der WSA sinn hei virun allem fir Autoe reservéiert, déi en Dossier um Geriicht hunn; dorënner och vill accidentéiert Ween. (Déi aner Halen huet d'US Air Force fir d'Nato am Gebrauch.)
Aus dem Geriichtsuerteel geet an der Regel ervir, wat mat den Autoe geschitt: Restitutioun (ca. 40%) oder Stee (ca. 60%) oder, méi seelen, Destruktioun. Eng 840 Gefierer stinn hei, eng 160 zu Colmar-Bierg, wou eng Dependence fir den Norden ass. Derbäi kommen e sëlleche Beweismëttel, virun allem méi grouss Kaliberen, vu Prozesser oder Enquêten. Dat kënne Miwwelen aus enger Disco oder engem Bordel sinn, eng Leeder, mat där zu Schraasseg ausgebrach sollt ginn, geklaute Wäschmaschinnen oder gefälschte Kleeder an CDen.
An enger vun den 2 Fourrières-Hale leien awer och d'Wrackdeeler vun där Luxair-Maschinn, déi de 6. November 2002 tëscht Rued/Sir an Nidderaanven erofgefall ass. An där anerer ginn et 2 iwwerdimensionéiert Frigoen: an deem enge leien d'DNA-Träger vun der Police, an deem anere sinn z.B. Zigarette stockéiert, déi awer scho laang periméiert sinn (si hunn nach Flux-Steierbännercher). Tëscht den 2 Halen leien d'Wracke vun deene Autoen, déi viru kuerzem aus der Musel gefëscht goufen, an déi Gefierer, déi bei den Iwwerfall op Fourgoen mat am Spill waren.
(Fotoen: Luc Marteling)
Link op d'Emissioun
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.