An der zweeter Top-Secret-Emissioun op RTL Télé Lëtzebuerg (8. Feburar 2010) geet et an an ënnert d'Rout Bréck. Fir eng "Sichtprüfung" vun deem 355 Meter laange "Sprengwerk" (esou déi technesch Bezeechnung vun deem "Ouvrage d'art") ze maachen, kann een mat engem Weenchen ënnert der Bréck tëscht den 2 Caissonen vun där enger op déi aner Säit fueren a sech d'Bréck vun alle Säite geneeëstens ukucken. Allerdéngs muss een da schwindelfräi sinn, well et hänkt ee 75 Meter iwwert der Uelzecht ...
(Fotoen: Dan Wiroth)
Link op d'Emissioun
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.