Studio 2 - Sot eis Är Meenung!Tripartite: Tëscht Energieschock a Klimakris

Claude Zeimetz
Wéi kënne Sozialkohäsioun an Energietransitioun Hand an Hand goen? Sot eis Är Meenung an eiser Ëmfro ënnen am Artikel.
© Nelson Cheung

D’Regierung huet de Sozialpartner versprach, datt d’Energiehëllefen, déi den 31. Dezember auslafen, op der nächster Tripartite "op déi eng oder aner Manéier" verlängert ginn. En Donneschdeg wëllen d’CSV-DP-Ministeren zesumme mat de Gewerkschaften an de Patronatsvertrieder am Schlass zu Senneng Neel mat Käpp maachen.

Et ass kloer, datt déi ablécklech geopolitesch Tensiounen an d’Kricher am Mëttleren Osten an an der Ukrain sou séier net wäerten op en Enn goen an den Drock op d’Energiepräisser an d’Präisser am Allgemenge bis wäit an d’nächst Joer eran héich wäert bleiwen. D’Regierung steet kloer ënnert dem Androck vun de schreckleche Biller vun den Debordementer a Frankräich an dem Walerfolleg vun der AfD an Däitschland a wëll dat onbedéngt verhënneren. Zu Lëtzebuerg soll dowéinst de soziale Fridde weider grouss geschriwwe ginn.

Mä zu wéi engem Präis? Fir de Statsbudget op där enger Säit, an awer och d’Versuergungssécherheet an natierlech och d’Klima op där anerer Säit.

Mir hunn dëse Summer gesinn. wéi de Klimawiessel bei eis kann ausgesinn. D’DP huet sech dowéinst bei der parlamentarescher Rentrée als Klimaschutz-Partei orchestréiert. Mä wéi kann een dann eng Verlängerung vum Tankrabatt matdroen? Besonnesch dann, wa mer bei der Elektrifikatioun vum Fuerpark an der energeetescher Sanéierung zu Lëtzebuerg nach déck Retarden hunn?

Wéi kënne Sozialkohäsioun an Energietransitioun Hand an Hand goen? Dat diskutéiere mer en Donneschdeg den Owend, den 29. Oktober live nom Journal an eisem nächsten “Studio 2” op der Tëlee.

Wann Dir op dëser Plaz keng Froe gestitt, läit dat warscheinlech dorun, datt Dir d'Cookies net acceptéiert hutt.

Back to Top
CIM LOGO