Buch vun der Woch "36 Fragen an dich" vum Vicki Grant

RTL Lëtzebuerg
© Heyne fliegt

Stellt Iech folgend Situatioun vir : Zwee jonk Mënschen, e Meedchen an e Jong, sëtze sech géintiwwer a stelle sech 36 Froe, bei deene se sech verléiwe sollen. Kléngt verréckt ? Ma am neie Roman vum Vicki Grant geet et genee dorëms Tiffany Saska

Stellt Iech folgend Situatioun vir : Zwee jonk Mënschen, e Meedchen an e Jong, sëtze sech géintiwwer a stelle sech 36 Froe, bei deene se sech verléiwe sollen. Kléngt verréckt ? Ma am neie Roman vum Vicki Grant geet et genee dorëms Tiffany Saska

Kann ee Léift erzwéngen ? Kann ee sech duerch en Experiment anenee verléiwen ? Dat ass d’Fro, déi am Buch “36 Fragen an dich” opgeworf gëtt. Zwee Jugendlecher, d’Hildy an de Paul, huelen un engem Experiment op der Uni deel. Et geet drëms, erauszefannen, ob zwee Mënsche sech méi no kommen, wa se sech géigesäiteg 36 Froe beäntwerten. D’Hildy interesséiert sech einfach fir alles a wëll alles wëssen an hëlt dowéint un dësem Experiment deel. De Paul iwwerdeems mécht aus enger ganz anerer Motivatioun eraus bei dësem Experiment mat. Hie well déi 40 Dollar, déi en dofir kritt. Op den éischte Bléck wierken déi zwee, wéi wa se net kéinte méi ënnerschiddlech sinn. Dëst ännert sech dann awer no enger Zäit mat de Froen, déi ëmmer méi perséinlech ginn. Um Ufank heescht et nach: “Wat ass fir dech de perfekten Dag?” Méi spéit kommen dann awer wesentlech méi intim Froe wéi: “Wat ass deng léifsten Erënnerung an dengem Liewen a wat déi schlëmmsten?” Mä déi zwee mierken, datt dee jeeweils aneren net esou schlëmm ass, wéi ufanks geduecht, a komme sech op hir Aart a Weis méi no. An awer gëllt et, Hürden ze iwwerwannen.

D’Iddi, déi hannert dem Buch stécht, ass ganz interessant a mécht Loscht drop, d’Buch ze liesen. D’Experiment huet sech d’Vicki Grant awer net ausgeduecht. Ma scho virun 20 Joer huet den amerikanesche Psycholog Arthur Aron seng Etüd virgestallt. Hie wollt beweisen, datt zwee Mënsche sech anenee verléiwe kënnen, wa se sech géigesäiteg 36 Froe stellen an dono 4 Minutten an d’Ae kucken. Nach méi skurril a verwonnerlech wéi seng Iddi ware seng Resultater. Anscheinend hu sech tatsächlech Probande verléift a goufe souguer bestuet.

Wéi d’Experiment an dësem Buch ausgeet, verroden ech Iech natierlech net, mä Dir kënnt Iech et denken. Ech fir mäin Deel muss soen, datt ech nom Liese vun deenen éischte Säite schonn zimlech enttäuscht war. Sécherlech hätt een aus der Matière méi kënne maachen. Mä déi deelweis ganz perséinlech Themen, déi hei ugeschnidde ginn, ginn awer nëmme kuerz beschriwwen an net wierklech behandelt. Och de Sproochstil entsprécht enger jugendlecher Sprooch, mat där ech net vill kann ufänken. D’Schreiffeeler, déi hei agebaut goufen, fir d‘Dialoge méi authentesch wierken ze loossen, hätt ee kënnen ewechloossen. Donieft ginn d’Haaptprotagoniste mat ze vill Klischeeë charakteriséiert. Eng schéin an intelligent Schülerin aus guddem Haus versus de „bad boy“, deem alles egal ass a mat deem ee souwisou kee richtegt Gespréich féiere kann. An och wann et sécher zu enger méi liichter Literatur gehéiert, sou hätt ech mer vum Buch méi erwaart.
Lo kann een awer soen, datt d’Vicki Grant sech éischter un e méi jonke Public riicht an natierlech virun allem Meedercher usprécht. Wann ech mer lo virstellen, datt ech hallef sou al sinn an als Teenager dëst Buch géif liesen, da géif meng Meenung sécher méi positiv ausfalen. Jonk Meedercher, déi sech an deene Personnagen erëmfannen a mat hinnen identifizéiere kënnen, kënne sécher Gefalen un dësem Buch fannen. Dem eelere Public iwwer 18 kann ech dann nëmme roden: Kaaft d‘Buch net fir Iech, mä fir en Teenie aus dem Bekanntekrees, well fir Jugendlecher goufe sécher scho méi schlecht Bicher geschriwwen.

“36 Fragen an dich” vun der Vicki Grant ass op Däitsch bei “Heyne fliegt” erauskomm

Back to Top
CIM LOGO