
Si selwer ass och Kiriminalkommissarin, ma d’Buch ass net autobiographesch. D’Marie Gales huet et gelies.
Eist Buch vun der Woch ass e Krimi an hëlt eis mat an Afghanistan bei eng Kriminalkommissarin. ''4 Tage in Kabul’’ huet d’Anna Tell geschriwwen. Si selwer ass och Kiriminalkommissarin, ma d’Buch ass net autobiographesch. D’Marie Gales huet et gelies.
Dat ass och ee vun de leschte Sätz am Buch, dass d’Personnagë fiktiv sinn an dëst eng Geschicht ass, déi der schwedescher Autorin a Kriminalkommissarin Anna Tell an de Kap koum. Natierlech mat vill Insiderwëssen, well si selwer war och an Afghanistan. Am Buch geet et ëm d’Amanda Lund, déi do fir 1 Joer stationéiert ass fir lokal Sécherheetsunitéiten auszebilden. Si huet grad eng Attack vun den Taliban iwwerlieft wéi si en neien nawell kriddlegen Optrag kritt. Zu Kabul sinn zwee Diplomate verschwonnen an d’Zäit leeft fir dës erëm ze fannen, am beschte lieweg ënnert allergréisster Diskretioun. Den Drock ass enorm, well a Schwede gëtt kuerz drop Staatsbesuch aus Afghanistan erwaart.
D’Buch ass ouni grousse Schnickschnack geschriwwen an et geet nawell schëtzeg mat der Geschicht virun, ouni interessant Detailer a Beschreiwungen auszeloossen an déi verschidde Personnagen och gutt kennen ze léieren. Interessant ass och, dass de geféierlechen Terrain op deem d’Amanda sech beweegt, aus der Sicht vun enger Fra erzielt gëtt. Op deene Plaz sinn dach meeschtens Männer ënnerwee. Ma d’Anna Tell weess jo vu wat se schwätzt, si kann op méi wéi 20 Joer Police- a Militärerfarung zeréck kucken a weess dass Fraen eben do nach rar sinn an deem Job an där Géigend. Hir Protagonistin am Buch setzt op Diplomatie a Rou an Empathie fir an dem Dschungel vu ville Froen a wéinegen Äntwerte weider ze kommen. Mir kréien et am Buch awer mat kengem Rambo oder enger GI Jane ze dinn, mä mat enger normaler Fra, déi wéi déi meescht Fraen ass, ebe just mat engem méi ongewéinleche Beruff. Dat war der Autorin wichteg.
«Vier Tage in Kabul» ass den Debutroman vum Anna Tell a wann Iech dëse gefält, da freet Iech! E weidere Roman mam Amanda Lund ass fir de Mäerz 2019 programméiert mam Numm : 5 Nächte im Kosovo
''4 Tage in Kabul’’ vum Anna Tell ass bei rowohlt erauskomm