
Fënnef Bicher sinn an der Course, fir als dat bescht Buch vum Joer mam renomméierte Servais-Präis ausgezeechent ze ginn. Um Mëttwochowend konnt de Public sech am Mierscher Servaishaus selwer e Bild maachen. Sou verschidde wéi d'Bicher sinn och déi Leit, déi se geschriwwen hunn.
D'Amélie Vrla, 1983 zu Paräis gebuer, lieft zu Berlin, wou si als Zeenaristin, Iwwersetzerin a Kulturjournalistin schafft. Hiren éischte Roman "Enfanter une étoile qui danse" ass bei Hydre éditions erauskomm an erzielt vum Mélodie, dat sech déi Fro stellt, déi vill jonk Fraen net esou einfach beäntwere kënnen: Wëll hat Mamm ginn oder net?
D'Bridder Guy an Nico Helminger (net verwiessele, wgl!) hunn allebéid schonn zweemool de Servais-Präis gewonnen. Dëst Joer sinn se op en Neits nominéiert: De Guy Helminger mat sengem Gedichtband "Gebäude für Breitengrade" (Elif Verlag) an den Nico Helminger mat senge Sequenzen "Geckegen Hunneg" (éditions Guy Binsfeld).
Dem Tullio Forgiarini säin Theaterstéck "Vandalium" (éditions Guy Binsfeld) gräift d'Thema Gewalt ënner Jonken op an dem Ian de Toffoli säi Wierk "Lea ou la théorie des systèmes complexes" (Actes Sud) beschäftegt sech mat enger ganz anerer Art vu Gewalt: der Muecht déi grouss international Konzerner ausüben an och der Gewalt, déi als Reaktioun dorop entstoe kann.
Wie kritt de Servais-Präis 2026? An e puer Deeg gi mir et gewuer.
