
© éditions Phi
D'Faszinatioun vum Näischt ass d'Thema vum Claude Schmit sengem philosophesche Roman.
Den Titel vun dem Buch dat mer Iech haut an eiser Lecture vun heiheem virstellen, ergëtt op den éischte Bléck net vill Sënn: "A la recherche du rien perdu". Natierlech erënnert den Titel e bëssen un dem Marcel Proust säi Monumentalwierk, mä dat hëlleft nach net wierklech weider. Wourëms et an dem neiste Roman vum Claude Schmit tatsächlech geet, doriwwer huet d'Bea Kneip sech mam Auteur ënnerhalen.
Den Ënnertitel verréit schonn e bësse méi: "Confessions d'un nihiliste". Haaptpersonnage ass de Bibliothécaire aus enger franséischer Klengstad. Dëse Bibliothécaire ass vum Näischt faszinéiert. Hie reest mat sengem Bibliobus iwwer Land, gëtt zu enger Zort Missionaire vum Näischt a sammelt ëmmer méi Unhänger ronderëm sech.
A sengem Roman baut den Auteur ëmmer nees iwwernatierlech Sequenzen an. Philosophen a Romanfiguren déi aus hire Bicher erausklammen fir déi Lieweg ze zëssen an ze provozéieren. Sou zum Beispill de Basarow, eng Romanfigur aus den Ufäng vum russeschen Nihilsmus
Bei de russeschen Nihiliste beinhalt den "Näischt" eben och d'Iddi vun Anarchie an Zerstéierung, der Negatioun vu moralesche Wäerter a gesellschaftlechem Zesummenhalt. En aneren Aspekt vum Näischt ass awer dee vum eidele Raum, Ballast deen ofgebaut gëtt, iwwerflësseges vun dem een sech trenne muss fir sech op dat Wesentlecht konzentréieren ze kënnen. Am Konzept vum Näischt sinn also béid Iddien enthalen, déi vun der Zerstéierung an och déi vum Nees opbauen
Et geet also och eng Gefor dovun aus, en Aspekt den am Roman och ugeschwat gëtt.
Och wann et grad emol 120 Säiten huet,"A la recherche du rien perdu" ass keng einfach Lecture.Wéi kéint et dat och sinn, well d'Konzept vum Näischt ass schwéier ze paken, an onméiglech ze definéieren. E philosphesche Roman den an d'Déift geet, dee beonrouegt, an dee beim Lieser nach laang nowierkt.
"A la recherche du rien perdu" vum Claude Schmit ass bei den éditions Phi erauskomm. A wien elo virwëtzeg ginn ass, dee sollt sech den nächsten Dënschden 26ste Mäerz fräihalen. Am Kader vun de Mardis littéraires an der Cité Bibliothéik liest den Auteur aus sengem Wierk, mat musikalescher Begleedung vum Gitarrist Cary Greisch. Rendez-vous ass um hallwer 7. Den Entrée ass fräi, et soll een sech awer umellen, dat iwwer bibliotheque@vdl.lu oder iwwert den Telefon 4796-2732

© RTL/Bea Kneip