Walfer BicherdeegD’Gewënner vum Lëtzebuerger Buchpräis si bekannt!

RTL Lëtzebuerg
An de Kategorie Kannerbuch, Literatur a Sachbuch huet de Jury aus enger Shortlëscht hir Favoritte bestëmmt. Ma an dëse Kategorie gëtt et donieft och all Kéiers e Publikumspräis.

Am Centre Prince Henri zu Walfer war um Donneschdeg déi offiziell Ouverture vun de Walfer Bicherdeeg. Gläichzäiteg goufen och d'Gewënner vum Lëtzebuerger Buchpräis an de verschiddene Kategorien bekannt ginn.

An hei sinn d’Gewënner:

Kannerbuch:

“Betty, die Geschichte eines jüdischen Mädchens” vum Roland Meyer (éditions Guy Binsfeld)

Dem Roland Meyer seng Erzielung baséiert op reelle Faiten: Et ass d'Geschicht vum Betty Hirschbein, dat den 10.Mee 1940, genee um Dag vun der Okkupatioun, zu Lëtzebuerg gebuer gouf. Dat klengt Betty huet seng Eltere mat zwee Joer verluer, zesumme mat senger Bomi Bluma gouf hat spéiderhin op Theresienstadt deportéiert. D'Betty huet iwwerlieft a war eng vun de leschten Zäitzeien.

Am Kader vun de Walfer Bicherdeeg gouf och de Lëtzebuerger Buchpräis 2026 verdeelt.
Am Kader vun de Walfer Bicherdeeg gouf och de Lëtzebuerger Buchpräis 2026 verdeelt.
© Domingos Oliveira

Op der Shortlist waren nach dës Titelen:

“Allerhand! Frosch und Fant” vum Bernd Marcel Gonner a Charlier Thill (FGIL)

“D’Sasha an de Flint – wou ass d’Mila?” vum Sandra Martins (Editions Schortgen)

“D’Problemsbourse” vum Lynn Berchem a Carlo Schneider (FGIL)

“A wat dréis du an dengem Rucksak?” vum Vukasinovic, Merkes a Martins (Inklusina ASBL)

Literatur:

“Angstvoll und leicht sehnsüchtig” vum Braslavsky, François, Kümmel a Van Wyl (Hydre éditions)

4 Auteuren a Schrëfstellerinnen aus Lëtzebuerg, Däitschland an der Schwäiz , 4 Zukunftsvisioune fir Lëtzebuerg. D’Emma Braslavsky, de Luc François, d’Anja Kümmel an de Bejamin von Wyl hunn hir “Spekulationen über Luxemburg” zu Pabeier bruecht

Am Kader vun de Walfer Bicherdeeg gouf en Donneschdeg den Owend de Lëtzebuerger Buchpräis 2026 verdeelt.
Am Kader vun de Walfer Bicherdeeg gouf en Donneschdeg den Owend de Lëtzebuerger Buchpräis 2026 verdeelt.
© Domingos Oliveira.

Dës Bicher waren ausserdeem nach op der Shortlist Literatur:

“Spawecken” vum Jemp Schuster (Kremart édition)

“Enfanter une étoile qui danse” vum Amélie Vrla (Hydre éditions)

“Toujours jamais” vum Joseph Kayser (éditions Guy Binsfeld)

“De Léiw gëtt rout” vum Jean-Paul Maes (Kremart édition)

Sachbuch:

“Temps de Trajet” vum Jessica Lopes a Charl Vinz (Point Nemo Publishing)

Home-Office, all Dag am Stau oder ënnerwee mam ëffentlechen Transport: D’Jessica Lopes an de Charl Vinz hunn sech an hirem Buch “Temps de Trajet” mat de ganz ënnerschiddlechen Erfarungen auserneegesat, déi de Wee op d’Aarbecht mat sech bréngt.

Am Kader vun de Walfer Bicherdeeg gouf och de Lëtzebuerger Buchpräis 2026 verdeelt.
Am Kader vun de Walfer Bicherdeeg gouf och de Lëtzebuerger Buchpräis 2026 verdeelt.
© Domingos Oliveira

Op der Shortlist an der Kategorie Sachbuch waren nach vertrueden:

“”Indésirables” aus Übersee” vum Julia Harnoncourt (capybarabooks)

“Halldor Laxness” vum Alexis Werné (éditions Phi)

“Vive d’Republik!” vum Claude Frentz (éditions Phi)

“Les Dîners de Gaïa” vum Corina Ciocârlie (capybarabooks)

© Fédération des éditeurs Luxembourgeois

Den Designpräis geet un:

“Temps de Trajet” vum Jessica Lopes a Charl Vinz (Point Nemo Publishing)

Och wat den Design ugeet, konnt “Temps de Trajet” de Jury iwwerzeegen!

De Coup de Coeur vum Jury ass fir:

“Allerhand! Frosch und Fant” vum Bernd Marcel Gonner a Charlier Thill (FGIL)

De Fräsch an den Elefant si Frënn fir d’Liewen. E Band mat wonnerbar fantasivollen Erzielungen aus der Fieder vum Bernd Marcel Gonner mat faarwegen Illustratioune vum Charlier Thill.

Am Kader vun de Walfer Bicherdeeg gouf och de Lëtzebuerger Buchpräis 2026 iwwerreecht.
Am Kader vun de Walfer Bicherdeeg gouf och de Lëtzebuerger Buchpräis 2026 iwwerreecht.
© Domingos Oliveira

Publikumspräisser

Dernieft hat och de Public d’Méiglechkeet, fir seng Favoritten an deenen dräi Kategorien ofzestëmmen. D'Leit hunn dës 3 Bicher ausgezeechent:

Publikumspräis an der Kategorie Kanner- a Jugendbuch: “A wat dréis du an dengem Rucksak?” vum Vukasinovic, Merkes a Martins (Inklusina ASBL)

Publikumspräis an der Kategorie Literatur: “Spawecken” vum Jemp Schuster (Kremart édition)

Publikumspräis an der Kategorie Sachbuch: Temps de Trajet” vum Jessica Lopes a Charl Vinz (Point Nemo Publishing)

Am Jury waren dëst Joer: Jeff Schinker, Andrée Wietor, Alexa Mores, Isabelle Mattern a Béatrice Kneip

Back to Top
CIM LOGO