
Wéi vill Leit hunn op den 28. Abrëll 1840 an der Stad Lëtzebuerg gewunnt? Wéini ass aus der Grofschaft Lëtzebuerg en Herzogtum ginn? A wéini ass de Jangeli fir d'éischte Kéier den Houwald eropgefuer? Alles dat - an nach vill méi - gëtt een am Historesch-Kulturelle Kalenner gewuer deen de Joseph Groben an d'Aline Putz a jorelaanger Aarbecht zesummegestallt hunn.
All Dag gëtt et eppes Neits z'entdecken, an dat 366 Mol. Well dëse Kalenner brauch een net no engem Joer ewech ze geheien. Dat wier och schued, well et ass e Referenzwierk an dem een zum Beispill d'Gebuerts-an Doudesdatume vu bekannte Lëtzebuerger erëmfënnt. Dass een do net all Numm direkt erëmerkennt, mécht et souguer nach méi spannend. Well alleguer hunn se e Stéck Lëtzebuerger Geschicht geschriwwen, déi eng ganz rezent, déi aner scho virun engem oder méi Joerhonnerten.
Zum Beispill de Robert Stümper, gebuer den 21. Januar 1895 zu Gréiwemaacher. Hie war Chemiker... a Myrmekolog. A wat mécht dann e Myrmekolog? D'Äntwert: et ass e Wëssenschaftler dee sech mat Seechomesse beschäftegt. Ma net nëmmen dat, de Robert Stümper huet och emol fir d'Futtball-Nationalekipp gespillt, dat war 1913. Am zweete Weltkrich gouf hien am KZ Hinzert internéiert. Nom Krich war hien an der Politik aktiv an huet nach eng ganz Rëtsch wëssenschaftlech Artikele verëffentlecht. No him ass och eng Strooss an der Stad benannt.
Als kleng Kiischt um Kuch gëtt fir all Dag nach e Gedicht. Vum Dicks, vum Lentz, vum Guy Rewenig oder vun dem onvergiessene Pir Kremer.
Dat Flott un dem Kalenner? Et léiert een all Dag nei Fakten a Personnagen aus der Lëtzebuerger Geschicht kennen. Dacks sinn et Nimm déi ee schonn emol op engem Stroosseschëld gesinn huet, ouni genee ze wësse, wien déi Persoun eigentlech war. A wann een dat emol nosicht, fënnt een Zesummenhäng an iwwerraschend Geschichten.
De Joseph Groben, 1935 gebuer, ass Enseignant a Literaturwëssenschaftler. Hien huet eng Rei Publikatiounen erausginn, an der hien Konscht, Literatur, Geschicht a Musek vu Lëtzebuerg an der Groussregioun wierdegt, dorënner zum Beispill: "Das Moseltal: Dichtung, Malerei,Musik" (2015) oder "Marienverehrung" (2025)
D'Aline Putz huet laang Joren als Speakerin bei RTL geschafft.
"Lëtzebuerg - Historesch-Kulturelle Kalenner fir all Joer"
Aline Putz a Joseph Groben
ISBN 978-2-87978-272-0
16€