Buch vun der Woch"Archipel" vum Inger-Maria Mahlke

Marie Gales
Archipel heescht d'Buch vun der Woch a mat Archipel ass och eng Regioun gemengt, déi aus enger Grupp Inselen an de Gewässer tëscht den Inselen besteet

D’Inger-Maria Mahlke hëlt eis an hirem neie Roman mat a Spuenien op Teneriffa, dëst an engem grousse Familleroman. D’Marie Gales huet Archipel gelies

Archipel heescht d’Buch vun der Woch a mat Archipel ass och eng Regioun gemengt, déi aus enger Grupp Inselen an de Gewässer tëscht den Inselen bestett. D’Inger-Maria Mahlke hëlt eis an hirem neie Roman mat a Spuenien op Teneriffa, dëst an engem grousse Familleroman. D’Marie Gales huet Archipel gelies

Fir éierlech ze sinn hat ech vill Krämpes, well een all Wuert muss an deem Buch liesen fir net de Fuedem ze verléieren. Als séiere Lieser muss een hei bremsen, soss weess een net méi wou een drun ass. Ech sinn also falsch un d’Buch erugaangen an hunn op eppes gewaart, wéi een dat en engem Krimi gewinnt ass, zum Beispill op e Cliffhanger oder eng opgebaute Spannung. Dat sicht een awer hei ouni Resultat, gëtt et net. Wéi ech dunn eraushat, dass et d’Geschicht vu 16 Persounen ass, déi an iergendenger Form a war et och just well si op Teneriffa gelieft hunn, verbonne sinn, war ech begeeschtert.

Mir léieren d’Virfahren vun den éischte Personnage kennen a wat dat Aussergewéinlecht ass un dësem Buch, mir ginn an der Erzielung zréck. Also et geet eiser Deeg un a landen um Schluss vum Buch am Joer 1919 a begéinen natierlech och ville Statiounen vun der europäescher Geschicht, wéi de Generol Franco un d’Muecht koum, dem Faschismus oder dem spuenesche Biergerkrich. D’Inger-Maria Mahlke huet et fäerdeg bruecht fir all Personnage am Buch sou spannend ze erzielen, dass een sech hinnen direkt ganz no fillt. Kee Wuert ass ze vill, mä präzis an op de Punkt weess si d’Leit an d’Situatiounen ze beschreiwen an hire Stil kann ee just als grouss Klass bezeechnen. Kee Wonner, dass si den däitsche Buchpräis 2018 fir Archipel krut.

D’Inger-Maria Mahlke kennt sech och op Teneriffa aus, si als zu Lübeck an op der spuenescher Insel opgewuess an huet Droit zu Berlin studéiert an huet spéider am Fach Kriminologie ënnerricht. Den däitsche Buchpräis ass net hir éischt Auszeechung, hiren Debütroman “Silberfischchen” gouf mam Klaus-Michael-Kühne-Preis ausgezeechent a och den Ingeborg-Bachmann-Präis ka si an hirer Sammelung bestruechten. D’Inger-Maria Mahlke ass a kuerzer Zäit zu enger vun de renomméiertesten däitsche Schrëftstellerinnen avancéiert an huet sech an all hire Bicher thematesch a formal weider virgewot.

Back to Top
CIM LOGO