Buch vun der WochAshley Dyer: Tattoo

RTL Lëtzebuerg
An der däitscher Iwwersetzung am Blanvalet Verlag erauskomm.

Ashley Dyer - hannert dësem Pseudonym stiechen zwou Dammen, di britesch Thrillerauteurin Margaret Murphy an d’Forensikerin Helen Pepper. D’Margaret Murphy schreift schonn zanter Joren, huet mëttlerweil néng Thriller ënnert hirem Numm verëffentlecht, vun deenen der och Auszeechnunge kritt hunn. D’Helen Pepper huet bei Krimiserien op der Telee, ënner anerem ‘Vera’, als Beroderin matgehollef. “Tattoo” ass hiren éischte Krimi, deen se zesumme publizéieren.

Liverpool, ëm Chrëschtdag. Matten an der Nuecht kritt d’Detective Ruth Lake en Telefon vun hirem laangjährege Chef, dem Chief Inspektor Greg Carver. De Carver ass, wéi sou oft a leschter Zäit, kanounevoll a probéiert, dem Ruth eng konfus Geschicht ze zielen. Genervt, besuergt a rosen, mécht d’Ruth sech op de Wee bei hien heem. Beim Carver eng gespensteg Szen: hien läit do wéi dout, Schosswonn an der Broscht, eidel Fläsch Whisky a Revolver nieft sech, an Akten vun hirem aktuelle Fall am ganzen Zëmmer verstreet.
Fir dass no sengem Dout net schlecht iwwer hie geschwat soll ginn, handelt d’Ruth iwwerluecht, efficace a ganz a guer net reegelkonform: si raumt alles ewech. Mä da gesäit si, dass de Carver guer net dout ass...
D’Ruth ass total duercherneen. Wourëms geet et hei? Huet dat, wat ëmmer och beim Carver soll geschitt sinn, mat den Detectives hirem spektakuläre Fall ze dinn: dem ‘Dornenkiller’, e mysteriéise Mäerder, den am Laf vum Joer 5 jonk Fraen um Gewëssen huet, Fraen, déi hien um ganze Kierper tätowéiert huet, éier hie se ëmbruecht an den Enquêteuren quasi virun d’Féiss geluecht huet. Besonnesch d’Kara, säi lescht Affer, hat hien drapéiert wéi e Konschtwierk, an sou preparéiert, dass si ausgesinn huet wéi dem Carver seng Exfra.
De Carver, trotz senge schwéiere Blessuren, assistéiert dem Ruth bei hire Recherchen. Si sichen no Zesummenhäng, probéieren Hannergrënn ze fannen. Si kontaktéieren dubiéis Wahrsager, engagéiert Anthropologen, Kenner vun Heel- a Gëftplanzen, verrenne sech bei hire Verdächtegen a gerode selwer a grouss Gefor.

‘Tattoo’, e spannende Thriller, schnell an ofwiesslungsräich, mat villen Ablécker an interessant Themen, recherchéiert, flësseg erzielt a mat masseg Revirementer,... jo, sécher. Awer fir mech dréit d’Story net ganz ronn; ‘t si mir ze vill Undeitungen a net fäerdeg elaboréiert Pisten, an och den Denouement schéngt mir net onbedéngt sou ganz kongruent.
Wat mir dann awer net schlecht gefall huet, sinn di zwee Haaptpersonnagen: d’Ruth an de Carver, villschichteg, mat komplizéiertem, zum Deel onduerchsiichtegem Privatliewen, (wéi dat sech fir haiteg Detectives gehéiert) kompetent a méi wéi engagéiert an hirer Aarbecht. Dass allebéid och nach iwwer ‘speziell Fähegkeete’ verfügen, kann deem enge Lieser gefalen, deem anere manner. A wat sou richteg tëscht hinne leeft, léisst Raum fir Interpretatiounen a preparéiert den Terrain fir Fortsetzungen. Also, fir deen, deen Loscht kritt huet:

‘Tattoo’ vum Ashley Dyer ass am Blanvalet Verlag eraus komm, an den zweete Band waart schonn drop, iwwersat ze ginn.

Buch: Tattoo vum Ashley Dyer

Back to Top
CIM LOGO