
„Ech kann et eleng!“, dovun ass de klenge Bim iwwerzeegt. Seng Mamma weess dat, a léisst hire grousse Jong scho villes selwer maachen. Mee heiansdo muss en awer nach gehollef kréien an dat huet de Bim guer net gär.
De klenge Bim mécht an der Bëschcrèche seng éischt Erfarunge mam Groussginn. Dat ass net ëmmer einfach, well et muss een nach esou vill léieren! Zwar kann de Bim scho munches eleng – awer zesummen ass et dach méi einfach.
Mee dat versteet de Bim nach net ganz a sou kënnt et, dass hie Kaméidi mat senger beschter Frëndin Anna kritt, well dat him wëll hëllefen. De Bim gëtt motzeg a wëll net méi mat deenen anere Kanner aus der Crèche spillen, bis dat Elengspillen awer beemol kee Spaass méi mécht ...
Entdeckt dës nei Geschicht vun den Éditions Guy Binsfeld, geschriwwen an illustréiert vum Olga Reiff, iwwer déi grouss Problemer vu klenge Mënschen.
D’Olga Reiff ass zu Innsbruck gebuer, an huet do fir Iwwersetzerin studéiert. Lëtzebuergesch, d’Sprooch vu senger Wahlheemecht, huet hatt zu Esch-Uelzecht geléiert, wou et mat senger Famill wunnt. Mee Wierder eleng ginn him haut net méi duer, et muss se och illustréieren an dat geet am beschten a Kannerbicher. D’Inspiratioun fir seng Geschichten an Zeechnunge fënnt et a sengem faarweräiche Familljenalldag an an der idyllescher Natur.
Bim & Anna ass seng éischt Publikatioun.
Eng kleng Geschicht vum Groussginn
36 Säiten
240 x 200 mm
Gebonne mat faarwegen Illustratiounen
ISBN 978-99959-42-27-4 15,00 €