Nei um BichermaartCahiers luxembourgeois 2018-1

RTL Lëtzebuerg
Dat éischt Heft vum Joer 2018 vun de Cahiers luxembourgeois ass grad erauskomm.

Domat fänken d’Cahiers luxembourgeois, déi eelst Literatur- a Kulturzäitschrëft vu Lëtzebuerg, dat zweet ganzt Joer vun der neier Serie un. D’Cahiers luxembourgeois verëffentleche literaresch Texter vu souwuel confirméierten Auteuren, wéi och vu méi jonken a méi onbekannten Auteuren, déi sech awer vläicht emol an der literarescher Zeen en Numm wäerte maachen oder souguer scho gemaach hunn. Dës Intentioun gëtt am neie Joer virugefouert, an déi aktuell Nummer beweist et: nieft Texter vum verstuerwene Jean Krier a vum Jean Portante, deen en Extrait aus engem nach onverëffentlechte Wierk virstellt, sinn och de Samuel Hamen, deen elo grad säin éischte Roman V wéi vreckt, W wéi Vitesse bei den Editions Binsfeld erausbruecht huet, an den Antoine Pohu mat Prosatexter an der Ausgab vertrueden. Vum Olivier Vandivinit verëffentlecht dës Ausgab eng Auswiel vu Gedichter.

De Vincent Artuso haten d‘CL ëm e ganz perséinleche Réckbléck op d’Entstoe vum sougenannten Artuso-Rapport gebieden a säin Text ënnert dem Titel „Le rapport Artuso n’a jamais existé“ gëtt en interessanten, exklusiven a ganz konkreten Abléck an d’Geschichtsschreiwung zu Lëtzebuerg. An dëser Nummer vun de Cahiers luxembourgeois fänkt och eng nei Zesummenaarbecht un, an zwar mat dem Institut fir Lëtzebuerger Sprooch- a Literaturwëssenschaft vun der Universitéit Lëtzebuerg. Am Aklang mat hirer Intentioun, och eng Plattform fir fundéiert a rigouréis soziologesch, historesch, politesch a literaresch Essaien ze sinn, bidden d’Cahiers hir Säiten un fir d’Publikatioun vu wëssenschaftlechen Artikelen: Kontributioune vu Chercheuren zu der Lëtzebuerger Literatur, déi am Kader vun der Journée d’études „Lëtzebuerger Literaturen am Verglach“ gehale goufen. D’Jeanne E. Glesener, Professer fir Lëtzebuerger Literatur, schreift eng methodologesch Aleedung an dës Texter vum Ian De Toffoli (Universitéit Lëtzebuerg), Ludivine Jehin (CNL) an Anne-Marie Millim (Universitéit Lëtzebuerg). D’Illustratiounen a dëser Nummer si vum Carmen Cavacco.

Les Cahiers luxembourgeois n° 2018-1 :

Samuel Hamen Elo

Jean Krier Zwei unveröffentlichte Gedichte

Antoine Pohu Le masque

Jean Portante Oedipe ne ferait pas ça

Olivier Vandivinit Gedichte

Vincent Artuso Le rapport Artuso n’a jamais existé

Jeanne E. Glesener Aleedung - Lëtzebuerger Literaturen am Verglach

Ian De Toffoli Vertus de la vie champêtre

Ludivine Jehin Folles figures de garçonnes

Anne-Marie Millim Transcultural Encounters: De- and Re-humanisation of the Worker in Multinational “Luxembourgish” Poetry, 1900-1940

Abonnementer fir 2018 ënnert info@cahiersluxembourgeois.lu.

Méi Informatiounen op www.cahiersluxembourgeois.lu

Back to Top
CIM LOGO