
Den Auteur Metin Arditi gouf 1945 zu Ankara gebuer an ass an der franséischsproocheger Schwäiz opgewuess. Hien huet Physik studéiert, a sech vu Jonkem u fir Konscht a Musik interesséiert an engagéiert. Den Arditi huet, nieft philosopheschen Essayen och eng Rei Romaner geschriwwen, déi vill Unerkennung fonnt hunn.
Juni 2016. De Bénédict Hugues, Unisproff zu Genf, Latäin mat Spezialisatioun ‘mëttelalterlech Schrëften’, entdeckt an engem ale Buch e verstoppte Bréif, datéiert 1574, geschriwwen zu Venedeg. Hei beklot sech e bekannte Bëschof bei sengem Kardinol iwwer déi méi oder manner oppe Gotteslästerungen an déi geféierlech Attacken, deenen déi kathoulesch Kierch ausgesat ass. Heibäi fokusséiert hie seng Beschëllegungen haaptsächlech op d’Wierke vun enger bedeitender ‘Brudderschaft’ vu Venedeg, déi an hiren Aussoen an hire Konschtwierker den Iddien vun engem gewësse Kopernikus vill ze no steet. Dëst kann d’kathoulesch Kierch jo nu wierklech net gutt heeschen. Et muss eppes geschéien. An ‘t ass net, fir do zimperlech ze sinn...
De Bénédict ass faszinéiert. Mat senge Frënn a Fachkollegen wëll hien erausfannen, wat dann deemools op dee Bréif hin erfollegt ass. Gëtt et do en Zesummenhang mat de grujelechen Doten, déi als ‘Carnaval noir’ vun 1575 an d’Geschicht agaange sinn?
Dem Bénédict seng Recherchen ruffen awer nach Leit op de Plang, där, déi mat alle Mëttele verhënnere wëllen, dass hei ze vill un d’Liicht kënnt, wat e schlecht Bild vum kathoulesche Klerus kéint zeechnen.
Schliisslech goufe 1575 jo just déi richteg Wäerter verdeedegt, huet déi kathoulesch Kierch sech jo just gewiert géint déi geféierlech Fräidenker, géint ketzeresch Opklärer, géint d’Reformatioun.
An haut? Steet déi eenzeg richteg kathoulesch Kierch net scho rëm eng Kéier viru perfiden Ufeindungen an diabolesche Geforen? Gëtt de Westen a seng Wäerter da net scho rëm op d’Extremst bedrot? Dës Kéier vun islameschem Gedankegutt. An den aktuelle Poopst priedegt Toleranz, Oppenheet a Mateneen. Dee kann ee jo net weider sou gewäerde loossen... A wéi 1575 ass et och 2016 net ugesot, fir zimperlech ze sinn.
Komplotter géint, an an de Reie vun der Kierch, Geheimgesellschaften, Korruptioun a Muechtdenken, a geféierlech Fanatiker vun alle Borden an zu allem bereet, sinn Themen, déi souwuel am Mëttelalter, wéi och haut “brennend” aktuell sinn. De Metin Arditi beliicht dës Iddien vun alle Säiten, wiesselt mat de Personnagen vum Buch och d’Perspektiven, alles an engem rasanten Tempo a mat spannenden Tournuren zerwéiert. E bësse Geschichtsstonn, e bësse Krimi, e bëssen ‘Da Vinci Code’. A wann de Lieser sech duerch den Ufank gebass huet a weess, wien wien ass, loossen déi 400 Säiten en net méi lass. Mech huet dës Zäitrees, zu där nach vill méi ze ziele wär, op alle Fall begeeschtert.