
Iwwert d’Buch vun der Woch, engem Polittrhiller kann ech Iech lo just den Titel vum verroden: “Codename Eisvogel”, mam Ënnertitel “The Kingfisher Secret”. Et handelt em Verschwörungen, Spionage a Mord. Normalerweis géing ech Iech och lo soen, wien den Auteur ass vun dësem Wierk. Ech weess en awer net, en ass geheim.
Den Auteur huet d’Iddi duerch een Informant kritt fir dëst Buch ze schreiwen. Fir déi Persoun ze schützen, gëtt den Numm vum Auteur net public gemaach. Et ass gewosst, datt dee Mann 1968 am Prager Fréijoer aus der Tschechoslowakei geflücht ass. An de 70er Joren war hien ënner anerem Spioun fir Nordamerika.
Am Buch geet et em d’Grace Elliott, eng Journalisten, déi zënter 20 Joer hofft den Duerchbroch als Investigatiounsjournalistin ze erliewen. Si huet bis elo just fir e Kitschbliedchen geschafft. Enges Dags mengt si enger mega Story op der Spuer ze sinn. Kuerz virun de Presidentschaftswahlen an den USA huet e Pornostar dem Grace verroden, datt si eng Affär hat mat engem vun de Presidentschaftskandidat. Dem Grace seng Cheffen wëllen dat awer net verëffentlechen.
D’Grace soll fir op Reportage an Europa fléien. Do soll si d’Exfra vum Presidentschaftskandidat Antony Craig an der Tschechoslowakei op Promotour begleeden. Mat der Zäit hofft d’Grace datt si an eben d’Elena Frëndinne kenne ginn. D’Liewen vum Antony Craig senger Fra faszinéiert si. Et geet sou weit, datt d’Grace d’Iddi kritt e Buch iwwer des Fra ze schreiwen. Dem Elena huet dat awer guer net gefall, si ass rose ginn an huet de Kontakt mam Grace ofgebrach.
Dem Grace huet dat Ganzt keng Rouh gelooss an si decidéiert sech awer fir mei iwert dem Elena hiert Liewen gewuer ze ginn. Dat geléngt hir och, awer si geréit domatt a Gefor.
Am Buch gëtt vum Begreff Schwalbe geschwat. Domat sin Agentinne gemengt, dei versichen duerch eng Affär un Informatioune ze kommen. Dat soll och op d’Elena zoutreffen
Seit Januar 1969 hatte sie Englisch und Französisch gelernt, dazu Etikette, und einiges über Musik, Mode, Filme, wie man sich bewegte, aß – und das hatte sie wirklich entsetzt – wie man Liebe machte. Sie hatte Spionage und Gegenspionage trainiert, Selbstverteidigung und die Grundlagen von Chemie und heimlicher Fotografie. Täuschung war ein Muskel, der ständig trainiert sein wollte. Wie funktionierten verdeckte Treffen? Wie übergab man am besten geheimes Material auf einer belebten Straße? Ihr erstes Ziel bestand darin, gut zu heiraten, was einem Mädchen aus dem Bahnhofsghetto Mladá Boleslav doch nur Freude bereiten könne.
Opfälleg sinn méiglech Parallellen zu der éischter Fra vum Donald Trump, dem Ivana Trump. “Codename Eisvogel” entsprécht net der Realitéit. En ass an der Fantasie vum Auteur entstanen, och wann e bësse Wourecht dobäi ass.
D’Buch ass gutt geschriwwen. Et ginn awer och méi grausam Zeenen bei deene mir d’Schudderen de Réck erof gelaf sinn. D’Geschicht gett aus zwou Perspektiven erzielt an eben aus zwou verschiddenen Zäiten. Dat hëlleft alles besser ze verstoen.
Mir huet d’Buch gefall. Et mécht een awer nodenklech, well och wann d’Geschicht erfonnt ass, freet een sech awer, wat wär wann dat awer alles géing stëmmen?
D’Buch “Codename Eisvogel” ass am Heyne Verlag erauskomm.