Buch vun der Woch"Das Meer" vum Wolfram Fleischhauer

RTL Lëtzebuerg
© Droemer

De Wolfram Fleischhauer huet 1996 mat dem Buch “Die Purpurlinie”, engem historeschem Thriller, säin Duerchbroch als Auteur kannt. Do dernieft ass hien och Dolmetscher, e Beräich deen och a sengem neiste Wierk eng Roll spillt. “Das Meer” ass en Oeko-Polittrhiller an deem et niewent der Thematik “Europa”, och ëm eng Fëschermafia geet, déi keng Skrupel kennt. De Wolfram Fleischhauer schreift wéi hie selwer seet Faction, eng Mëschung aus Fictioun a Fakten.

Am Ufank vum Buch léiere mir de Render a seng Frëndin Teresa kennen. Déi jonk Biologin Teresa sollt op engem Schëff, wou Fësch gefaange ginn an och agefruer ginn, iwwerwaachen op d’Virschrëfte vun der EU agehale ginn. Op emol ass si spurlos verschwonnen. Hire Partner, de Render, ass zugläich deen deen si ausgebilt huet, ass schockéiert an huet zimlech séier all d’Hoffnungen opginn, datt d’Teresa nach lieweg erëm fonnt gëtt.
Méi spéit am Buch léiert een an engem éischter méi kuerzen Optrëtt, den Haaptpersonnage kennen. Den Adrian schafft als Dolmetscher zu Bréissel. A genee hien gëtt vum Di Melo ënnert engem Virwand kontaktéiert. Dem Di Melo seng Duechter, d’Ragna, huet d’Fëschermafia géint sech opbruecht.
D’Ragna gëtt vun dëser Mafia mat Responsabel gemaach fir eng Charge vu Fësch vergëft ze hunn. Rieds geet vun enger Ciguetera Vergëftung. Des Vergëftungen komme bis lo nach net an Europa vir.
D’Ragna a säi Papp, den Di Melo, hu scho laang kee Kontakt méi, well hat him virwerft mat senger Firma déi Mafia ze ënnerstëtzen. Den Di Melo versicht awer seng Duechter als Éischten erëm ze fannen an hat ze warnen.
An do kënnt dann rëm de Protagonist, Adrian, an d’Spill. Hien ass e fréiere Frënd vum Ragna an hie soll hat an Asien erëm fannen. Et gëtt een als Lieser och gewuer, datt d’Teresa an d’Ragna zesumme schaffen.
Europa: “Mit Entsetzen haben wir vernommen, dass unsere Kollegin und Freundin Teresa Carvalho seit dem 9. November als vermisst gilt. Das Fischereifahrzeug “Vallodolid”, auf dem sie im Auftrag der NAFO im Einsatz war, ist ein unter spanischer Flagge fahrendes Gefrierschiff aus der berüchtigten Gruppe von Buzual Armadores S.A., die in der Vergangenheit bereits mehrfach durch dubiose Praktiken und illegale Fischereitätigkeiten aufgefallen ist, ohne jemals von der spanischen Behörden ernsthaft belangt worden zu sein.
Effektiv hunn Ëmweltaktivisten sech a klenge Gruppen zesummegedoe fir géint d’Zerstéierung vum Fong vun de Mierer an dem iwwerméissegem Fëschen virzegoen. Net nëmmen déi Béis sichen déi Beschëllegt, mee och déi Gutt. Aus deem Grond hunn sech des Oekoterroristen, wéi se och nach genannt ginn, scho viru laanger Zäit aus der Ëffentlechkeet zréck gezunn.
Dëse Politthriller huet seng Bezeechnung absolut verdéngt. Spannung bleift bis zum Schluss. Informativ a léierräich ass dëst Buch op alle Fall. Et kritt een e besseren Abléck wat sech sou alles an de Mierer ofspillt. Kloer ass dëst e Roman a kee Reportage. D’Vermëschung vun Fictioun a Fakten léist “Das Meer” awer realistesch eriwer kommen. Schonn eleng déi Virstellung, datt esou een Zeenario duerch aus méiglech wier, huet mir d’Schudderen de Réck erof lafe gelooss.
Den Auteur stellt déi Oekoterroristen esou duer, datt si am End Effekt op sou munch Sympathie stoussen. Op der anerer Seit kritt een als passive Matbierger d’Gefill, et misst een eppes géint d’ Kriminalitéit ënnerhuelen, an net nëmmen einfach an der Fautel sëtze bleiwen ouni z’agéieren. Do dernieft ginn niewent dem Versoen vun der Politik, ënner anerem och nach d’Ausnotzung vun den Aarbechter a sozial Mëssstänn thematiséiert.
Duerch de Faite datt de Roman aus der Vue vu verschiddenen Personnagen erzielt gëtt, kritt een e bessert Gesamtbild.
De Roman “Das Meer” ass absolut ze recommandéieren, och wann e plazeweis net fir schwaach Nerven ass.

Dem Wolfram Fleischhauer säi Roman “Das Meer” ass am Droemer Verlag eraus komm.

Back to Top
CIM LOGO