Nei um BichermaartD'Bomi ass dout

RTL Lëtzebuerg
Eng Schachnovell vum Joseph Kayser, bei den Editions Schortgen.

D’Geschicht spillt am Joer 1972. De Julien, 9 Joer, ass en zimlech intelligente Jong, deen esou munches a sengem Ëmfeld a Fro stellt.

An d’Vakanz war hien nach ni, well säi Papp ze knéckeg ass. Bis d’Bomi der Famill eng Woch op der belscher Plage spendéiert.

Géint Enn vun der Vakanz iwwerschléit sech op eemol alles an et muss séier gehandelt ginn.

De passionéierte Schachspiller Julien fënnt sech um Enn an enger ganz staarker Positioun. Als gudde Strateeg weess en dat auszenotzen.

Den Auteur Joseph Kayser, Joergang 1964, konnt mat sengem éischte Buch, “Prinzessin Charlotte” - Éditions Schortgen, schonn en éischte Succès verbuchen. No där eeschter an traureger Erzielung huet den Auteur elo méi eng lëschteg Geschicht verfaasst, och wann den Titel eppes anescht vermudde léisst. Well de roude Fuedem, deen sech duerch d’Buch zitt, ëmmer nees mat Schach ze dinn huet, ass aus dem Joseph Kayser sengem neie Wierk “D’Bomi ass dout” eng Schachnovell entstanen.

D’BOMI ASS DOUT
Eng Schachnovell

Joseph Kayser

88 Seiten - 11 x 15 cm
Sproochen: Lëtzebuergesch
ISBN : 978-99959-36-13,50

13,50€

Back to Top
CIM LOGO