
“De Charly a seng grouss Frënn” ass dat zweet Kannerbuch vum Charles Peters. Dëst Billerbuch vun 32 Säite soll de Kanner d’Natur an d’Déieren aus dem Bësch méi no bréngen.
De Charly ass e Fuuss. Am Buch hëlt hien d’Kanner mat op eng Rees duerch de Lëtzebuerger Bësch a stellt déi verschidden Déiere fir, déi hei liewen.
Mat klengen Informatiounen iwwert d’Déieren, Sichaktiounen a Basteliddie kënnen d’Kanner déi ganz Villfalt vun den Déieren aus dem Lëtzebuerger Bësch entdecken. D’Buch enthält awer och Rezepter fir d’Elteren.
“De Charly a seng grouss Frënn” ass genau esou wéi och schonn dat 1. Buch mat engem Apple Pencil op engem iPad gemoolt ginn.
De Charles Peters ass 1989 zu Lëtzebuerg gebuer. Diploméiert am Graphikdesign vun der Media Hochschule Düsseldorf huet hien am Joer 2014 seng eege Firma opgemaach.
18 x 18 cm / 32 Säiten / 19€ TTC
Illustratiounen an Text vum Charles Peters
Editéiert vu Fox Design & Print S.à r.l.