Nei um BichermaartDe Mann, deen ëmmer laacht

RTL Lëtzebuerg
Vum Joseph Kayser bei den Editions Schortgen

Firwat ass e Mënsch esou, wéi en ass?
Genen, Erzéiung, den Afloss vun de Matmënschen?

Beim Clement S. ass et dat alles. An ufangs och bestëmmt den Drang, géint verschidden Zwäng ze kämpfen. Seng Pedanterie an säin Haass, seng Onfäegkeet, Empathie ze empfannen an seng eegen Opfaassung vu Gerechtegkeet maachen, dass hien sech ëmmer méi isoléiert. Hie gëtt net eens mat Fraen, ze ville Mënschen an enke Raim a Leit, déi anescht sinn ewéi hien. De System awer weess sech ze wieren an auszesënneren, wat net gutt ass fir den eegene Betrib. Da fällt den éischte Schnéi ...

No “Prinzessin Charlotte” an “D’Bomi ass dout” - Éditions Schortgen, spuert den Auteur Joseph Kayser och an dësem Buch net mat Kritik un Deeler vun eiser Gesellschaft. Dee bürokratesche Milieu, deen am Buch beschriwwe gëtt, weess sech selwer ze erhalen a sënnert déi Elementer aus, déi em schuede kéinten. Mee bis et esou wäit ass, ginn nach méiglechst vill Leit gepisakt a schikanéiert.

Joseph Kayser
DE MANN, DEEN ËMMER LAACHT

72 Seiten - 12,5 x 20,5 cm - Sprooch: Lëtzebuergesch
ISBN 978-99959-36-68-6
16,00€

Back to Top
CIM LOGO