
Iwwert d’Serie
“Gudde Gendaarm, Béise Gendaarm” ass eng Krimiserie, déi historesch Fakte mat fiktionalen Elementer verbënnt an esou eng spannend Mëschung entstoe léisst. Wéi de Police- a Gendarmeriesapparat zu där Zäit fonctionnéiert hunn, gouf akribesch nogesicht, an och déi eenzel Fäll baséieren deels op Wourechten, mee wou d’Wourecht ophält an d’Fiktioun ufänkt, dat ass ganz dem Lieser iwwerlooss.
Déidlech Ofgrënn
1973. De Kommandant vun der Gendarmerie Brigade Rued-Sir Dominique Franck gëtt op Ouschtersonndeg moies fréi a sengem Büro opfonnt, mat enger Kugel am Kapp.
Et schéngt ee sëffegen Owend gewiescht ze sinn, déi selwer gebrannte Mirabell steet nach um Dësch, grad wéi dräi Glieser. Am Nopeschhaus gëtt een anere Gendaarm fonnt, deen ze déif an d’Glas gekuckt hat a kuerz drop an e Koma fält. Vun deem Drëtten an der Ronn feelt all Spur.
Wien huet den Ofzuch gedréckt? Dat muss dem Kapitän Fischbach seng Equipe elo rausfannen, ouni dobäi un d’Ëffentlechkeet ze goen – ee Gendaarm erschoss, een aneren am Koma, dat wier e Skandal fir déi ganz Gendarmerie. An net nëmme fir déi, d’Hannergrënn vun dëser Affär féieren de Fischbach 30 Joer zeréck a Polen bei d’Fräiwëllegekompanie, eng Zäit, déi munch Leit aus hirem Gediechtnes läsche wëllen an anerer dozou beweegen alles un d’Luucht bréngen ze wëllen. De Fischbach
entdeckt bei sengen Ermëttlunge Faiten, déi e sou ni erwaart hat an hien zu Schrëtt verleeden, déi sou sécherlech ni geplangt waren.
“Eréischt, wéi hien de Verdacht krut, de Welbes kéint sech geiert hunn, ass him lues a lues kloer ginn, wat fir een Ofgrond sech virun him opgedoen huet. Hien huet dru geduecht, wéi et dem Heymans wuel war, wéi deen um Fiels stoung.” - JEAN SCHOOS
Jean Schoos
De Jean Schoos ass 1947 an der Stad gebuer, wou hien och opgewuess ass. 1966 huet hie seng Première am Jongelycée gemaach an ass duerno op de Mathematikscours gaangen. Vum Wantersemester 1967 un, huet hien zu Heidelberg Chimie a Physik studéiert, mee ass 1969 op Psychologie a Soziologie ëm-geklommen. Déi lescht zwee Joer vu sengem Studium an nom Diplom 1975 huet hien an engem Fuerschungsinstitut zu Heidelberg geschafft.
1978 ass hien heem op Lëtzebuerg komm, fir d’Plaz als Direkter vum Jongenheem, enger sozialer Ariichtung fir Kanner a jonk Leit, unzehuelen. An dëser Funktioun ass hie bis 2011 bliwwen, wou hie pensionéiert gouf.
1972 gouf hie mam Annette bestuet, si hunn dräi Kanner a sechs Enkelkanner, déi hie beim Schreiwe vu sengem drëtte Buch ënnerstëtzt hunn.
JEAN SCHOOS
DÉIDLECH OFGRËNN
AUS DER SERIE “GUDDE GENDAARM, BÉISE GENDAARM”
DEM FISCHBACH SÄIN 3. FALL
240 Säiten
154 x 224 mm
Klappebroschur
ISBN 978-99959-42-41-0
22 €
