
1993 gouf hien duerch säi Roman “Das grobmaschige Netz” bekannt, den éischte Krimi an deem de Kommissar Van Veeteren ermëttelt huet. An der Tëschenzäit si 6 Van Veeteren verflimt ginn an den Hakan Nesser feelt op kenger Bestsellerlëscht. A sengem neie Roman “Der Fall Kallmann” ass awer villes anescht.
Wee kennt hien net? ‘t wäerte wuel net vill Krimilieser ginn, déi nach net mat Begeeschterung d‘Komissaren Van Veeteren a Barbarotti bei der Verbriecherjuegd duerch Schweden begleet hunn. Hei hëlt den Hakan Nesser eis awer an eng ganz aner Welt an Atmosphär mat.
Mir schreiwen d’Joer 1995, an d’Geschicht situéiert sech an engem Lycée an enger mëttelgrousser schwedescher Stad. Hei ass viru 4 Méint ënner zimlech mysteriéisen Ëmstänn e Proff ëmkomm. D’Police leet deen Doud séier ad acta, awer gewëssen Ongereimtheete loossen eenzel Leit net zur Rou kommen. Dräi vun de Proffen an och e puer Schüler fänken un, op ganz verschidde Manéieren, diverse Pisten nozegoen. Mä dat ass net sou einfach: dee Kallmann, deen do dout fonnt ginn ass, an engem verloossenen Haus, um Fouss vun enger Trap, war e speziellen Typ, weder sozial, nach kommunikativ, den „Eigenbrötler“ par excellence. An souguer wéi Tagebicher vun him opdauchen, ass den „Hobbydedektiven“ net vill gehollef: wat ass an deem Geschreifs Realitéit, a wat ass Fiktioun? A wéi ass et mam Kallmann senger Behaaptung, hie géing an engem Mënsch sengen Ae gesinn, op deen e Mäerder ass? A wiem hat hien sou intensiv an d’Ae gekuckt, dass hien huet misse stierwen??
Am Géigesaz zu deem, wat mir vum Nesser gewinnt sinn, ass „Der Fall Kallmann“ kee Thriller. Den Auteur presentéiert eis hei iwwer knapp 600 Säiten éischter e literaresche Puzzel, net geduecht fir en ongedëllege Lieser deen op Action, Blutt a Verfolgungsjuegten aus ass. Nee, mir kréien hei eng intressant Geschicht gezielt, aus fënnef Perspektiven, mat ganz verschiddenen Informatiounen, je nodeem wat fir ee vun den Haaptpersonnagen drun ass, ze erzielen. All Protagonist huet seng eegen Iddien a Motivatiounen, fir sech mat dem onduerchsichtege Kallmann ze beschäftegen.
Lues a lues, a mat sécherer Hand, baut den Hakan Nesser dëse Roman op. Well de Lieser ëmmer nees an en anere Personnage versat gëtt, den an Echform erzielt, entwéckelt d’Geschicht sech immens faarweg a facettëräich. Mir gi vill gewuer iwwer d’Liewe vun den Haaptpersonnagen, iwwer Schweden an den 1990er Joren, an zum Schluss och, wat et dann elo wierklech mat deem Kallmann op sech hat.
„Der Fall Kallmann“, e Buch, dat vläicht e puer Längten huet, et awer ouni Problem fäerdeg bréngt, mat Déifgang, roueg an onspektakulär, eng subtil Spannung opzebauen. Eng villschichteg Story, op beandrockend Manéier erzielt.
De Roman “Der Fall Kallmann” ass beim btb Verlag erauskomm.