
Als Krimiautorin huet d’Englännerin Minette Walters sech en Numm gemaach - an dunn huet een 10 Joer laang näischt méi vun hir héieren. Elo ass si zeréck, dës Kéier awer mat engem historesche Roman. D’Bea Kneip huet “Die letzte Stunde” gelies.
Als Krimiautorin huet d’Englännerin Minette Walters sech en Numm gemaach - an dunn huet een 10 Joer laang näischt méi vun hir héieren. Elo ass si zeréck, dës Kéier awer mat engem historesche Roman. D’Bea Kneip huet “Die letzte Stunde” gelies.
D’Minette Walters lieft zesumme mat hirem Mann an der Grafschaft Dorset, grad emol 9 Meilen vum Hafen vu Weymouth ewech. Do ass am Juni 1348 e Séimann aus der Gascogne ukomm, den eppes am Gepäck hat, dat a manner wéi 2 Joer d’Halschent vun der Britescher Bevëlkerung sollt d’Liewe kaschten: D’Pescht, de schwaarzen Doud. Et ass dësen historesche Kontext, den d’Minette Walters dozou beweegt huet fir e Roman ze schreiwen den am Summer vum Joer 1348 spillt.
Dee gewalttätegen Feudalhär Sir Richard ass Meeschter iwwert Develish. Seng onfräi Landaarbechter hunn et awer nach verhältnisméisseg gutt, well a Wierklechkeet ass et seng Fra, d’Lady Anne, déi d’Soen huet. A si ass eng gescheit Fra, déi net nëmmen op Hygiène a Propretéit hält, mä souguer dofir suergt, dass d’Kanner d’Méiglechkeet kréie fir Liesen a Schreiwen ze léieren. A si huet keng Virurteeler, och net vis à vis vum Thaddeus Thurkell, den als onehelecht Kand vun enger Bauerefra ganz ënnen op der sozialer Leeder steet. Hie beandrockt awer duerch seng Intelligenz a säin Duerchsetzungsverméigen, ganz anescht wéi der Lady Anne hir eegen Duechter Eleonor. Wéi de Sir Richard sech op enger Rees mat der Pescht ustécht, léisst d’Lady Anne hien net méi zeréck op Develish an den adlegen Här stierft virun de Maueren vu sengem eegenen Uwiesen, zesumme mat sengem ganzen Entourage. D’Lady Anne huet verstanen, dass d’Leit vun Develish nëmmen iwwerliewe kënnen, wann se sech komplett vun der Aussewelt isoléieren, an esou dem schwaarzen Doud keng Chance ginn. Elo sinn se zwar a Sécherheet, mä si sinn agespaart, a lues a lues mellt sech den Honger. Ëmmer nees flame Konflikter op, déi och schonn emol mat de Fäischt geléist ginn. Enges Nuets geschitt dunn e Mord, an elo riskéiert d’Situatioun zergutts z’eskaléieren. Mä de Thaddeus Thurkell huet eng Iddi...
D’Jore vun der Pescht hunn déi mëttelalterlech Feudalgesellschaft fundamental verännert. D’Felder louche brooch an d’Aarbechtskraaft vun den onfräie Baueren war op eemol wäertvoll ginn. Den Iwwerliewenden ass et iwwerdeems dacks gelongen an d’Stied ze kommen an sech ze emanzipéieren.
Vum Thema hir hat de Roman wuel e grousst Potential, mä et geléngt der Autorin net, dat Potential auszenotzen. D’Figur vun der philantroper Lady Anne ass éischter onrealistesch an och déi aner Personnagen sinn entweder ganz Gudder oder ganz Béiser, dertëscht gëtt et näischt. Wien sech dorunner net stéiert, a ganz einfach eppes wëll iwwert déi Epoch liesen, wäert awer wuel op seng Käschte kommen.
“The last hours” vun der Minette Walters ass ënnert dem Titel “Die letzte Stunde” am Heyne Verlag op Däitsch erauskomm.