
Unter Verdacht- Die Schwestern von Mitford Manor spillt an de glamouréisen 20 Joren a weist d’Liewen vun enger räicher britescher Famill. E bësse Krimi, e bësse Léift, e bëssen Historique. Fir jiddereen ass eppes dobäi. D’Tiffany Saska huet sech d’Buch méi genee ugekuckt.
AUDIO: 25/09/18 Buch vun der Woch: Unter Verdacht Die Schwestern voMir befannen eis an den 20 Joer an England. D´Louisa, en jonkt Meedchen, huet am Liewen net vill Freed. Hat lieft mat senger Mam an sengem Monni an äermleche Verhältnisser zu London. Dat 18 Joer aalt Meedche wëll sech mat dem awer net zefridde ginn a wëll Kannermeedchen bei enger räicher aflossräicher Famill ginn. Bei der Famill Mitford am Süde vun England stellt hat sech fir a kritt tatsächlech eng Aarbechtsplaz. Fir hat bedeit dat eng grouss Verännerung an sengem Liewen di hat sech esou staark gewënscht huet. Hat daucht an an eng nei Welt bei eng Famill di sech em Geld keng Suerge muss maachen a fir deen een oder anere Skandal suergt. Hat muss sech em di 6 Kanner aus dem Haus këmmeren an frënnt sech mat dem Eelsten dem Nancy un. E Meedche wat nëmmen eent am Kapp huet. Eng Aventure no der anerer erliewen. An et soll tatsächlech eng Aventure op di zwee Meedercher waarden wëll nämlech eng gutt bekannte vun der Famill Mitford gëtt ëmbruecht an di zwee selwer ernannten Detektive well erausfannen wat geschitt ass. An den 20 Jore kuerz nom Krich ass dat awer net esou einfach.
Handelt et sech hei em Fiktioun oder Realitéit. Ma em béides, well d’Erzielung berout zum Deel op richtege Fakten. Souwuel di Fra di ëmbruecht gouf Florence Nightingale als och d’Nancy Mitford gouf et.
D’Florence Nightingale war eng bekannte britesch Krankeschwëster an huet d’Fleeg an den westleche Länner beaflosst a reforméiert. D’Nancy Mitford ass eng bekannte Schrëftstellerin aus dem 20 Joerhonnert. D’Handlung am Buch ass allerdéngs fräi erfonnt an huet esou net stattfonnt.
Wie ech gelies hunn, datt d’Buch an den 20 Joer géif spillen, war ech begeeschtert fir mech op dat Buch anzeloossen an de Glamour vun deenen Joren beim Liesen ze spieren. Leider koum di Stëmmung bei mir net op, well mer di passend Beschreiwungen wei ech se aus anere Bicher kennen absolut gefeelt hunn. Hätt ee mer net gesot, datt et 20 Joere sinn, et wär mir net opgefall. An och d’Protagonisten goufen net immens vill beschriwwen an dobäi huet d’Buch awer knapp 500 Säiten. Mam Titel Die Schwestern von Mitford hätt een sech och erwaart méi vun deenen aneren 5 Geschwëster gewuer ze ginn. Tatsächlech stinn awer d’Nancy an d’Louisa am Mëttelpunkt. Hat leiert scho fréi de Polizist Guy kennen deen domat och zu engem Haaptprotagonist gëtt.
Elo kann een driwwer streiden ob et soll en Krimi sinn oder e historesch ugehauchte Buch. Ma et ass näischt vu béidem. Di zwee jonk Meedercher versichen natierlech de Mord opzekläre mä et handelt sech éischter em en ganz onspektakuläre Krimi deen een net wierklech fesselt. Historesch tauchen natierlech ëmmer nees kleng Elementer op mä di ginn net duer fir eng richteg flott Ambiance ze schafen a wierklech Neies ervir ze bréngen.
Mech huet d’Buch immens un di Trilogie vum Anne Jakobs die Tuchvilla erënnert, kann domat awer net mathalen. Wien esou Bicher allerdéngs gäre liest, dem dierft och dat heite gefalen. Et feelt zwar e bëssen vun allem an awer kann een dat Buch gutt a flësseg liesen, virun allem bei dem Wieder vun de leschten Deeg. Fir déijéineg di awer méi seelen en Buch opschloen, léist sech sécher mi en flott Buch fannen.