
AUDIO: 28/08/2018 Buch vun der Woch ''Guten Morgen, Genosse ElephanVirwëtzeg hat mech den Titel vum Buch gemaach: ''Guten Morgen, Genosse Elephant’’. Do kann ee sech schonns ausmole wou sech d’Buch ofspille kéint. Beim Originaltitel ‘The Zoo’’ wär een do elo net direkt sou drop komm. Mä richteg et geet a Russland, an Sowjetunioun, fir genee ze sinn an dem Stalin seng Datscha. Mä wëll een do onbedéngt hin? Mat 12 Joer an dann och nach fir eng ganz besonnesch Aufgab. Mä genee sou geet et dem Juri, deem säi kuerzt Liewe bis dohinner net immens erfreelech war. Säin aalt Liewen am Zoo mat sengem Papp, engem Veterinär muss hien hannert sech loossen a geféierlech Mënschen a Situatioune kenne léieren.
De Juri muss also alles schmaache wat de sowjeteschen Diktator ze iesse kritt an och ze drénken. Wéi wann dat net uerg genuch wier, jidderee mengt sech dem aarme Jong unzevertrauen an en och fir seng Zwecker ze mëssbrauchen. Mä de Juri, deen als klengt Kand en uergt Accident op der Strooss hat an doduerch nawell kierperlech entstellt bliwwen ass, ass awer keen Dommen an erkennt alles ganz kloer an direkt. Hien ass am Fong d’Liicht an dëser grausamer Welt, déi vu Brutalitéit a Machenschaften just sou strotzt. Seng Naivitéit a säin Optimismus zitt och aner Mënschen un, déi awer net erkennen oder grad erkennen, dass dat eng aner Quell vu Gefor ka sinn.
Mir huet de Personnage Juri gutt gefall an ech hat dacks Angscht ëm hien. Vu senge Matmënsche, carrément béis Stereotype wéi een se am Kapp huet, war ech e bëssi genervt am Buch. Et waren déi bekannte Forme vum Béis-Sinn, nei war d’Komponent ''Juri’’.
Fazit fir mech: Et ass eng léierräich Geschicht vu fréier, déi leider haut nach ëmmer wéi d’Fauscht op d’A passt. An aus där ee besser mol eng Léier misst zéien!?
Weem d’Buch vun der Woch gefält, dierft sech freeën, et ass net dat éischt Buch vum englesche Schrëftsteller Christopher Wilson. Seng Bicher, wéi och säi rezent ''Guten Morgen, Genosse Elephant’’ goufe mat enger Rei Auszeechnunge belount. Schreiwen ass seng Passioun déi hie gäre weidergëtt; mat enger Doktorsaarbecht iwwert d’Psychologie vum Humor gëtt hie Coursen iwwert d’Kreatiivt Schreiwen op Universitéiten an och a Prisongen. Geschwënn héiere mir nees vun dësem interessante Mann, hie ass zur Zäit un engem Buch iwwert d’Zeechesprooch vun eisem Kierper.