
Den Auteur ëm den et haut an eiser Lecture vun heiheem geet, gouf 1972 zu Hamburg gebuer a lieft elo zu München. An awer ass hien och zu Lëtzebuerg iergendwéi doheem, well dem Tom Hillenbrand seng Krimi-Serie ronderëm de Kach Xavier Kieffer spillt hei am Land. Säin neitste Roman “Hologrammatica” gehéiert allerdengs éischter zum Genre Science-Fiction. Virun 2 Wochen gouf de Roman an der Cité Bibliothéik an der Stad virgestallt, an d’Bea Kneip huet sech bei der Geleeënheet mam Auteur ënnerhalen.
Den Auteur ëm den et haut an eiser Lecture vun heiheem geet, gouf 1972 zu Hamburg gebuer a lieft elo zu München. An awer ass hien och zu Lëtzebuerg iergendwéi doheem, well dem Tom Hillenbrand seng Krimi-Serie ronderëm de Kach Xavier Kieffer spillt hei am Land. Säin neitste Roman “Hologrammatica” gehéiert allerdengs éischter zum Genre Science-Fiction. Virun 2 Wochen gouf de Roman an der Cité Bibliothéik an der Stad virgestallt, an d’Bea Kneip huet sech bei der Geleeënheet mam Auteur ënnerhalen.
Als Krimi-Auteur dierft den Tom Hillenbrand deene meeschte Lëtzebuerger e Begrëff sinn. En traut sech awer duerchaus och un aner Genren erun, wéi en zum Beispill mat sengem historesche Roman “Der Kaffeedieb” oder senger Dystopie “Drohnenland” bewisen huet.
Hologrammatica spillt am Joer 2088, an enger Zukunft déi ganz anescht ass, wéi een et aus heideger Siicht erwaarde géif. Iwwerbevölkerung an Total-Iwwerwaachung ginn et an dëser Welt nämlech net.
Déi Welt fonctionnéiert, awer op hir ganz eege Manéier. Dee sougenannten Holonet, en Netzwierk aus enorm sophistikéierten Holographien ass dee schéine Schäin, hannert dem sech eng net ëmmer grad esou schéin Realitéit verstoppt.
Den Detektiv, oder wéi en hei genannt gëtt, de Quästor, Galahad Singh krut den Optrag fir d’Computerexpertin Juliette Perotte ze sichen, déi zënter e puer Deeg verschwonnen ass. Dat kléngt ugangs no enger renger Routinesaarbecht, mä et stellt sech séier eraus, dass do nach vill méi hannendrustécht. Well d’Juliette ass eng ongewéinlech Fra déi un engem ganz brisante Projet geschafft huet.
An der Welt vun Hologrammatica si Schäin a Wierklechkeet net méi vuneneen z’ënnerscheeden. Wa Mënschen hiert Ausgesinn no Loscht a Laun kënne veränneren, wa ganz Gebaier kënne verstoppt oder bäigefléckt ginn, da kann een sech op seng Aen an Oueren net méi verloossen. Dees ass sech och eise Privatdetektiv Galahad Singh duerchaus bewosst. Hien ass en aussergewéinleche Personnage, schonn alleng duerch säin Numm, mat dem en tëscht zwou Kulture steet. Et ass e Mënsch den sech net esou einfach anuerdne léisst, an et dauert laang ier de Lieser gewuer gëtt wien de Galahad wierklech ass a wéi eng Motivatioun hien undreift. An “Hologrammatica” huet den Tom Hillenbrand e ganz komplexen Universum kreéiert, tëscht kënschtleschen Intelligenzen, mënschlechen Imperfektiounen a Weltraum-Ambitiounen. A jo, wann och de Roman haaptsächlech zu London, Paräis oder a Japan spillt, e klengt Stéckelche Lëtzebuerg ass ëmmer dobäi...
Domat dierft de Virwëtz e bësse gestëppelt sinn! Iwwregens, och d’Fans vum kulinaresche Krimi mussen sech net méi all ze laang gedëllegen. Den neie Xavier Kieffer Roman “Bittere Schokolade” soll am November 2018 an d’Bicherbutteker kommen.
De Science Fiction Roman “Hologrammatica” vum Tom Hillenbrand ass bei Kiepenheuer und Witsch erauskomm.

.