Lëtzebuerger Literatur no baussen droen, iwwert eis Grenzen eraus bekannt maachen. Sief et mat engem Stand op der Frankfurter Buchmesse....oder andeems een Kritiker aus dem Ausland invitéiert an hinne Lëtzebuerger Bicher ze liese gëtt. Dat hunn sech d’Isabelle Spigarelli an de Jérôme Jaminet geduecht a prompt zwee Schwäizer Kritiker agelueden. D’Bea Kneip huet sech mam Jérôme Jaminet doriwwer ënnerhalen

Ich lese was, was du nicht liest...ënnert dem Motto steet de Mardi Littéraire vum 30sten Oktober an der Cité Bibliothéik. 4 Kritiker schwätzen iwwer 4 Bicher, all Kéiers 2 vu Lëtzebuerg an 2 aus der Schwäiz. Invitéiert hunn déi jonk Autorin a Journalistin Isabelle Spigarelli an de Kritiker Jérôme Jaminet. Hir Gäscht aus der Schwäiz sinn d’Literaturkritiker Nicola Steiner a Philipp Tingler. Zesummen diskutéieren si iwwer 4 Bicher:
De Rendez-Vous war den 30sten Oktober um 18h30 an der Cité Bibliothéik (Cité Auditorium)
E Sträitgespréich tëscht der Nicola Steiner an dem Philip Tingler um Mikro vum Bea Kneip: