
De Charles Peters, vu Beruff Grafiker, huet virun 2 Joer e Kannerbuch erausbruecht mam Titel : „De Charly a seng kleng Frënn“. De Charly ass e Fuuss den de Kanner op 32 faarwege Säiten d’Déieren aus dem Bësch virstellt. No deene klenge Frënn, kommen elo an engem neie Buch déi grouss Déieren un d’Rei, dowéinst heescht et dann och: „De Charly a seng grouss Frënn“. D’Bea Kneip stellt Iech et vir an huet och nach e puer aner Summer-Lies-Iddië fir Kanner am Gepäck.
De Charles Peters, vu Beruff Grafiker, huet virun 2 Joer e Kannerbuch erausbruecht mam Titel : „De Charly a seng kleng Frënn“. De Charly ass e Fuuss den de Kanner op 32 faarwege Säiten d’Déieren aus dem Bësch virstellt. No deene klenge Frënn, kommen elo an engem neie Buch déi grouss Déieren un d’Rei, dowéinst heescht et dann och: „De Charly a seng grouss Frënn“. D’Bea Kneip stellt Iech et vir an huet och nach e puer aner Summer-Lies-Iddië fir Kanner am Gepäck.
De Charly a säi Fuusse-Kolleg Max, dee meeschtens keng gutt an der Kopp huet, wësse vill Interessantes iwwer hir Frënn aus dem Bësch. D’Charly Bicher erzielen awer keng Geschicht, et geet drëm fir op all Säit déi sëllechen Detailer z’entdecken, an eppes iwwert d’Déiere gewuer ze ginn. Hannen am Buch fënnt een dann och nach Rezepter a Basteliddien. Am groussen a ganzen e flott Konzept, just beim Lektorat kéint een nach eppes verbesseren.
Fir déi di duerch d’Bicher villäicht virwëtzeg gi sinn, hat de Charles Peters sech virun 2 Méint nach eppes ganz extraes afale gelooss: Eng Charly Bësch Olympiad bei der d‘Kanner zesumme mat hiren Elteren de Bësch op eng spilleresch Manéier entdecke konnten.
Duerch dat klengt Format sinn d’Charly-Bicher ideal fir mat an d’Vakanz ze huelen.
An all Valise passt och dat neit Molbuch aus der Editioun Bicherhaischen. „Mol mat eis zwee“ gouf vun der Grafikerin Eva Jiménez Ceballos gezeechent, déi och schonn d’Lidderbuch „Sang mat eis zwee“ illustréiert hat. Déi selwecht Figuren kommen och hei nees erëm, an huelen déi kleng Moler mat op de Bauerenhaff, an d’Schoul a souguer op e Fluch mat enger Rakéit. An als klengen Extra gëtt et nach eng Duebelsäit mat faarwege Stickeren.
Wie senge Kanner eng laang Rees oder e verreente Vakanzendag e wéineg verséisse wëll, soll sech also roueg an engem Bicherbuttek ëmkucken. Do fënnt een zum Beispill och nach „Dee klenge Fuuss geet an d’Vakanz“ vun der Sophie Ledesma oder „Sichen a fannen! Fir kleng Entdecker“, eng praktesch Këscht mat 4 klenge „Sichen a fanne“ Bicher, e grousse Spaass fir (jonk Reesender) kleng Vacanciéren vun 3 Joer un. An och déi kleng Prinzessin ass nees do: „Ech hätt och gär Frënn!“ sou heescht dat siwent Prinzessinebuch op Lëtzebuergesch. Fir déi méi grouss dann gëtt en neit Buch aus der Fieder vun der Cathy Clement: De Fäert-Uasch, erauskomm bei den éditions Schortgen. Och dat am klengen handleche Rees-Format. An dem Sënn, eng schéi Vakanz!
Hei d’Titele vun alle Bicher:
“De Charly a seng grouss Frënn” vum Charles Peters (Selbstverlag)

“Mol mat eis zwee” Grafik: Eva Jiménez Ceballos (Bicherhaischen Editioun)
“Dee klenge Fuuss geet an d’Vakanz” vun der Sophie Ledesma (Kremart Edition)
“Sichen a fannen! Fir kleng Entdecker” (Kremart Edition)
“Déi kleng Prinzessin: Ech hätt och gär Frënn” vum Toni Ross (Kremart Edition)
“De Fäert-Uasch - ze léif fir dës Welt?” vun der Cathy Clement (Editions Schortgen)




