Buch vun der Woch "Kühn hat Ärger" vum Jan Weiler

RTL Lëtzebuerg
© Piper Verlag

Den Auteur vum Buch vun dëser Woch ass keen Onbekannten. De Jan Weiler huet scho méi Bicher geschriwwen déi ëmmer gutt ukomm sinn.
An dat dierft och dës Kéier mat sengem neie Roman “Kühn hat Ärger” nees sou sinn. Tiffany Saska

Den Auteur vum Buch vun dëser Woch ass keen Onbekannten. De Jan Weiler huet scho méi Bicher geschriwwen déi ëmmer gutt ukomm sinn. An dat dierft och dës Kéier mat sengem neie Roman “Kühn hat Ärger” nees sou sinn. Tiffany Saska

“Kühn hat Ärger” erzielt d’Geschicht vum 17 Joer alen Amir. Als Bouf vu libaneseschen Immigrante lieft hie mat senger Famill an engem Viruert vu München, deen een als soziale Brennpunkt bezeechne kéint. Mä net nëmmen dat. Als Schoulschwänzer, Klengkriminellen an Drogesüchtegen erfëllt hie sämtlech Klischeeën. Mä villes ännert sech, wéi hien d’Julia kenneléiert. E jonkt Meedchen aus guddem Haus mat räichen Elteren, déi sech sozial engagéieren. Iwwer e Sozialprojet léieren déi zwee sech kennen a gi séier eng Koppel. Dem Julia seng Famill hëlt de Jong, ganz anescht wéi ee vläicht erwaarde géif, ganz positiv op an hëlleft him zréck an d’Gesellschaft eraus aus der Perspektivlosegkeet. Mä enges Moies gëtt den Amir dout opfonnt. Brutaalst erschloen.
De Martin Kühn, Kommissär vu Beruff, hëlt sech der Saach un.

Nieft dësem Mord lafen awer nach vill wieder Handlungen am Buch parallel, déi deelweis schonn an dem éischte Buch aus dëser Serie vum Jan Wieler ugeschnidde goufen. Sou huet den Haaptpersonnage Martin Kühn beispillsweis och dës Kéier nees mam Biergerveräin voller Nazien ze kämpfen. Leider sympathiséiert säin eegene Jong mat dësem Veräin. Mä och seng Aarbecht an déi gesellschaftlech Exklusioun a sengem Wunnquartier um Rand vun der Metropol München beschäftegen hien.

De Martin Kühn ass u sech eng onopfälleg Perséinlechkeet. E Polizist, 45 Joer al, bestuet an zwee Kanner. An awer zitt en all Sympathien op sech. Hien huet awer och e Päckelchen ze droen. Hie kënnt grad aus enger längerer Therapie, déi en huet misse maachen, well en e Burnout hat. An och wann et him besser geet, sou ploen hie ganz vill Suerge ronderëm seng Famill, säi Mariage, säin Haus a villes méi.

Schonn op deenen éischte Säite gëtt dem Jan Weiler seng ganz offensichtlech Gesellschaftskritik däitlech. Heiansdo kënnt dës e bëssen ze plomp an direkt eriwwer, mä huet zu all Moment seng Berechtegung. Et gëtt erzielt vum Kampf géint Bauhären, der ëmmer méi grousser Aarmut an dem ëmmer méi schwaache Mëttelstand. Nujee, et sinn déi ganz alldeeglech Themen, déi hei alleguer iergendwéi ugeschnidde ginn.
An doranner läit och den Erfolleg vum Jan Weiler. Ze klischeehaft, iwwerspëtzt an deelweis onrealistesch erzielt hien eng deelweis iwwerluede Geschicht, déi heiansdo e bëssen iwwerfuerdert. Dobäi geléngt et him awer, en Alldag ze beschreiwen, deen et an Däitschland ganz offensichtlech gëtt. An dofir liest een dann och gäre weider.
Et ass e Buch, wat net besonnesch geschriwwen ass, wat keng exzeptionell Handlung opweist an och keen aussergewéinlecht Thema usprécht, an awer fesselt een dat Buch vun der éischter Säit un.
Selbstverständlech nëmmen dann, wann ee sou Bicher da gäre liest. Ënnerhalsam mat Diskussiounspotenzial, engem Hauch vun engem Krimi an awer och ganz vill verstoppten Humor. Op et Iech gefält ? Fannt et selwer eraus. Ech kann d’Buch op alle Fall recommandéieren.

“Kühn hat Ärger” vum Jan Weiler ass am Piper-Verlag erauskomm

Back to Top
CIM LOGO