
...an ass op sämtleche Bestsellerlëschten opgetaucht. Elo bréngt si „La coupure“ eraus, dat am engleschen Original als „The child“ op de Maart koum. An och dës Kéier enquêtéiert d’Kate Waters, d’Journalistin vun der „Daily Post“. De Lucien Czuga huet si bei hirer Enquête begleet.
Virun 2 Joer huet déi englesch Autorin Fiona Barton mat „La veuve“, am Original „The widow“, e grousse Coup gelant an ass op sämtleche Bestsellerlëschten opgetaucht. Elo bréngt si „La coupure“ eraus, dat am engleschen Original als „The child“ op de Maart koum. An och dësKéier enquêtéiert d’Kate Waters, d’Journalistin vun der „Daily Post“. De Lucien Czuga huet si bei hirer Enquête begleet.
Bei Bauaarbechten ginn d’Schanke vun engem Bëbee ausgegruewen an op eemol kënnen dräi Fraen net méi roueg schlofen. Déi eng, d’Kate, déi als Journalistin beim „Daily Post“ schafft a mengt, endlech nees en Thema fonnt ze hunn fir sech ze profiléieren, andeems si dodraus eng räisseresch Serie Artikele géif suckelen, déi et dann och bis op d’Titelsäit vun hirer Zeitung kéinte packen.
Déi aner, d’Angela, déi am Joer 1970 e Kand, hir Duechter Alice, op d’Welt bruecht huet an dat dunn aus der Klinik entfouert krut. Dëse Kidnapping huet deemools fir enorm Opregung gesuergt a jorelaang gouf ouni Resultat enquêtéiert. Haut gamst si als al Fra just nach drop, gewuer ze ginn, op déi nei entdeckte Schanken déi bedauernswäert Iwwerreschter vun hirer klenger Duechter sinn.
A schliisslech déi drëtt, d’Emma, eng jonk Freelance-Correktrice, déi näischt méi fäert wéi dass duerch déi Bëbeesschanken e schrecklecht Geheimnis un d’Liicht kënnt, dat säi Mariage mam Paul, engem Unisprof, a Gefor géif bréngen. An esou verfollegen déi zwee gespaant iwwer dem Kate seng Artikelen an der Zeitung wéi sech d’Enquête ëmmer méi op en dramateschen Héichpunkt zou entwéckelt.
Gläichzäiteg gëtt de Lieser awer och gewuer a wat fir schlechten Dicher déi geschriwwe Press a besonnesch d’Dageszeitungen
duerch d’Entwécklung vum Internet stécht: ee Sozialplang jot deen aneren, a gestanen a gutt bezuelte Journalisten ginn duerch
onerfuere jonk Spunten mam Mindestloun ersat; et kënnt zusougenannte Synergien, bei deene ganz Redaktiounen
zesummegeluecht an esou enorm Sue gespuert ginn, an seriö journalistesch Recherche gëtt ersat duerch aus dem Internet
kopéiert gehirlos Artikelen iwwer sougenannt People-Perséinlechkeeten a bezuelte Publi-Reportagen.
Kee Wonner, dass dësen Deel vum Buch immens realistesch eriwwer kënnt, well déi britesch Autorin wor selwer joerzéngtelaang Journalistin a kennt dofir déi bedauerlech Situatioun vun der geschriwwener Press aus dem Effeff!
An dofir ass „La coupure“ vum Fiona Barton net nëmmen e spannende Thriller mat engem onerwaarte Schluss mä och e Stéck aktuell Sozialkritik.