Buch vun der Woch"Libellenschwestern" vum Lisa Wingate

RTL Lëtzebuerg
Lescht Joer koum den Roman "Before we were yours" vun der amerikanescher Autorin an den USA eraus a gouf direkt zu engem Bestseller.

Libellenschwestern vum Lisa Wingate erzielt d’Geschicht vum Avery Stafford a Rill Foss, zwou Fraen, deenen hir Liewen op den éischte Bléck näischt mateneen ze dinn hunn. An awer ass hir Familljegeschicht ganz déif matenee verbonnen.
Mir schreiwen d’Joer 1939. D’Rill lieft mat sengen Elteren a véier méi jonke Geschwëster op engem Hausboot um Mississippi zu Memphis am Tennessee. Säi Papp bréngt seng héichschwanger Fra an d’Spidol, well kuerz virun der Gebuert Komplikatiounen opkommen. D’Rill versprécht sengem Papp héich an helleg, op seng véier Geschwëster opzepassen an hëlt dëst Verspriechen immens eescht. Dat jonkt Meedche kann awer net verhënneren, datt si vu Mataarbechter vun der Tennessee Children`s Home Society souzesoen entfouert ginn. Si ginn onerlaabt an e Kannerheem bruecht. Geleet gëtt dëst Heem vum Georgia Tann, déi fir hiren Asaz am Kannerschutz bekannt ass an awer a Wierklechkeet schrecklech Doten deckt an ënnerstëtzt.

De Lieser gëtt Zeien dovun, wat mam Rill, senge Geschwëster an dausenden anere wierlose Kanner an dësem Heem passéiert. Mësshandlungen, aggressiv Erzéiungsmethoden an eng pervers Approche, dës Kanner fir hir zukünfteg Eltere virzebereeden. Joerzéngte bleift dëst Schicksal am Donklen, bis zu dem Dag 70 Joer méi spéit, wou sech dem Rill an dem Avery hir Weeër kräizen. Déi jonk Affekotin, déi mat hirem Papp op Wahlkampftour ass, trëfft zoufälleg d’Rill, déi mëttlerweil May Crandall heescht. Déi eeler Fra behaapt, datt d’Avery e Libellenarmband um Aarm dréit, deen ursprénglech senger Famill gehéiert huet an domat en Ierfstéck ass. D’Avery, wat bis elo geduecht huet, et wär e Bijou vu senger Bomi, gëtt virwëlzeg a fänkt seng Recherchen un, fir der Saach op de Grond ze goen. Dobäi deckt hatt e ganz donkelt Kapitel aus senger Familljegeschicht op. Mä wëll hatt dat alles iwwerhaapt wëssen a kann hatt weider recherchéieren, ouni sengem Politikerpapp ze schueden?

Libellenschwestern beschreift eng schrecklech Realitéit, déi bis haut net wierklech thematiséiert gëtt. Kanner ginn entféiert an hiren Elteren ewechgeholl, fir se dono u räich Familljen ze verkafen. An dobäi geet et net onbedéngt ëm déi Onzommen u Geld, déi domat verdéngt ginn. Et ass moderne Mënschenhandel am 20. Joerhonnert, deen et gutt gestallte Familljen erlabe soll, Kanner ze hunn. Tëscht den 20er a 50er Jore sollen iwwer 6000 Kanner an den USA dëst Schicksal erlieft hunn. D‘Georgia Tann, déi als Leederin vum Heem maassgeblech bedeelegt war an och am richtege Liewen esou heescht, konnt awer ni veruerteelt ginn, well si virdrun un Kriibs verstuerwen ass.
D’Geschicht berout also definitiv op engem reelle Schicksal vun dausende Kanner. An och déi deelweis fiktiv Ergänzunge loossen d’Geschicht net manner authentesch wierken. Et sinn déi detailléiert Beschreiwungen, déi de Lieser staark mat der Geschicht verbannen an hien deelhuele loossen. Et entsti Biller am Kapp, déi een net méi sou schnell lass gëtt. D’Geschicht gëtt duerch déi zwou Haaptprotagonistinnen also aus zwou Perspektive beschriwwen, sou datt och ëmmer nees Zäitspréng entstinn, ouni datt ee sech awer verléiert.

Et kann ee sécher net vun engem einfache Buch schwätzen a mat Momenter muss een elle schlécken, fir ze verdauen, wat een do gewuer gëtt. Mä trotzdeem kann ech jidderengem nëmme wäermstens un d‘Häerz leeën dëst, Buch ze liesen a sech mat dem Thema auserneen ze setzen. D’Lisa Wingate huet och hei nees bewisen, datt si hire Metier beherrscht an en absolutt liesenswäert Buch geschriwwen.

“Libellenschwestern” koum op däitsch bei Limes eraus.

BvdW: Libellenschwestern

Back to Top
CIM LOGO