Buch vun der WochManhattan Beach vum Jennifer Egan

RTL Lëtzebuerg
D'Jennifer Egan huet fir hir Romaner schonns wichteg Präisser gewonnen, dorënner 2011 och de Pulitzer.

“Manhattan2 Beach ass hiert neiste Buch an deem se déi Kéier weider zréck an d’Geschicht geet fir eng Thematik opzeschaffen. An awer bleift di amerikanesch Schrëftstellerin hirer Linn absolut trei.

“Manhattan Beach” ass d’Geschicht vum Anna Kerrigan, engem jonke Meedchen, dat sech duerch d’Liewe schloe muss an dobäi ni de Kapp hänke léisst. Schonns am jonken Alter gëtt htat duerch säi Pap Zeie vu kriminellen Doten. Hien, den Eddie Kerrigan, léisst sech op dubios Leit an, ënner anerem dem Dexter Styles, dee mat Diskothéiken an all deem, wat sech do esou organiséiere léisst, säi Geld verdéngt. Et ass eng Zesummenaarbecht, déi fir den Pap vum Anna fatal Folge soll hunn. Ausserdeem huet d’Anna eng schwéier behënnert Schwëster: d’Lydia. Familljeverhältnisser sinn also méi wéi schwiereg.

Als erwuesse Fra steet d’Anna finalement ganz eleng do, an muss sech duerch d’Liewe schloen. Hatt schafft zu New York an enger Werft an huet ee groussen Dram: hatt wëll Daucherin bei der Marinn ginn an gëtt dofir alles. Mir sinn awer an de Jore vum zweete Weltkrich an domat an enger Zäit, wou Frae fir dëse Beruff net virgesi sinn. Et ass awer och eng Zäit, an där vill Männer un der Front sinn a Fraen ëmmer méi Beruffer ausüben, déi fir si net üüblech sinn. Di westlech Welt ass gepräägt vum Krich, dem Faschismus an all senge Formen, a bweegt sech an enger ekonomescher Spiral no ënnen duerch déi extrem Depressioun.

Thematesch geet et also ëm d’Emanzipatioun vun der Fra virun dem Hannergrond vun all dëse gesellschaftlechen Themen. D’Buch zeechent domat e Bild vun Amerika an enger schwéierer Zäit mat all dem wat dës Jore gepräägt hunn. Et ass nieft dem Anna senger Geschicht awer och déi vum Dexter, deen iergendwann versicht aus sengem Milieu erauszekommen an e ganz normaalt Liewen ze féieren. Dobäi ginn d’Figure ganz genau beschriwwen a weisen d’Mënsche mat hire Geschichte vu verschiddene Säiten. Di gréisstendeels immens präzis Beschreiwunge ginn dem Lieser d’Chance sech an déi Geschichten ze verdéiwen.

Et ass e Buch, dat weist, datt d’Jennifer Egan sech mat der Thematik genee ausernee gesat huet, och wann Passagen deelweis net ganz der Realitéit kënnen entspriechen an Zweiwel opkommen. An hirer Heemecht ass d’Buch ganz gutt ukomm an huet hir vill Luef bruecht. An awer ass net jidder Jennifer-Egan-Fan zefridde mam Buch. Éischtens well et en historescht Thema ass, wat bis elo net wierklech zu hirem Repertoire gehéiert huet, a well se a verschidden Hisiichten e méi klassescht Buch geschriwwen huet, wei een dat vun hir gewinnt ass: ganz ouni Experimenter.

Ech muss soen, datt ech et grad spannend fannen, datt si aus hirer Confort-Zone kënnt, Neies ausprobéiert an dobäi e flott Buch realiséiert huet.
Den Titel “Manhatten Beach” kann duerchaus deen een oder aneren ofschrecken. Wann een awer weess, datt et e Roman vum Jennifer Egan ass, ass dëst schonns bal en Garant fir eng gewësse schrëftstelleresch Qualitéit.

Am Virfeld gouf et extrem héich Erwaardungen un d’Schrëftstellerin, déi se vläicht net onbedéngt all erfëlle konnt. De groussen Duerchbroch hat si schonns 2011 mat hirem Buch „Der größte Teil der Welt”, fir dat si och de Pulitzerpräiss kritt huet. Schonn do huet si gewisen, datt si Bicher schreift, déi aktuell Thematike behandelen.

An domat fannen ech och datt si mat hirem neie Buch hirer Linn trei bleift. Vu mir dofir eng kloer Recommandatioun dëst Buch ze liesen.

“Manhattan Beach” ass an der däitscher Iwwersetzung bei S. Fischer erauskomm.

Back to Top
CIM LOGO