
Pressetext vu Point Nemo Publishing:
Erzielt gëtt d’Geschicht vum Marie Marvingt, enger Pionéierin vum Dammesport, déi Grenzen iwwerwonnen, Rekorder gebrach an d’Konventioune vun hirer Zäit op d’Kopp gestallt huet. An awer ass si am Schiet vun engem Mann bliwwen, deem si ëmmer nees iwwer de Wee gelaf ass: dem François Faber, dem „Ris vu Colombes“, deen als éischte Lëtzebuerger den Tour de France gewanne sollt.Eng fiktiv Erzielung iwwer Sport a Chancegläichheet, iwwer Erfolleg, Unerkennung – an d’Fro, wien um Enn an d’Geschicht ageet (a firwat). E bildgewaltegen Hommage un zwee aussergewéinlech Charakerkäpp.
De Charel Meder, gebuer 1966 zu Lëtzebuerg, huet Geschicht a Literaturwëssenschaften zu Lëtzebuerg an zu Freiburg im Breisgau studéiert. Hien ass Professer am Athénée de Luxembourg an Auteur vu Prosatexter, Zenarioen, Theater- a Lauschterstécker.
Fir säi literarescht Wierk krut hien eng Rei Auszeechnungen, dorënner 2017 de Lëtzebuerger Buchpräis fir seng Novell Aname an 2024 den 1. Präis am Nationale Literaturconcours fir säin Theaterstéck Urd. Zu senge rezente Publikatioune gehéieren Schortgen. En Eisefrësser an der Chamber (Graphic Novel, zesumme mam Marc Angel, 2022), Schortgen (pädagogeschen Dossier fir den Educatiounsministère, 2022), Andrée Viénot-Mayrisch – Lettres à sa mère 1918–1946 (zesumme mam Marc Limpach, 2022), de Roman Ditteridi (2023) an d’Theaterstéck Urd (2026). De Charel Meder ass President vun der Sektioun Arts et Lettres vum Institut Grand-Ducal
De Marc Angel ass 1960 zu Dikrech gebuer an huet sech an den 1990er-Joren en Numm als Kënschtler an Illustrateur gemaach. Am Ufank huet hie virun allem Optragsaarbechten ausgefouert, fir sech no an no ëmmer méi mat der Bande dessinée an dem grafesche Roman ze befaassen.
Seng dräibänneg Serie Deemols, déi tëscht 1997 an 2003 erauskoum, huet hir fest Plaz an der Geschicht vun der lëtzebuerger Bande dessinée. Aus der Zesummenaabecht mam Zeenarist Jean-Louis Schlesser entstoungen De Jas (2015), De Jas kënnt zréck (2017, Eegeverlag, däitsch Versioun: Weeerd Verlag) an La Mauvaise heure (2022, Editions Mosquito). Zesumme mam Schrëftsteller Samuel Hamen huet hien Zeeechen realiséiert, dat 2020 mam Lëtzebuerger Buchpräis ausgezeechent gouf. Fir seng neiste Wierker Här a Meeschter (2024, Op der Lay) an Ongeschriwwe Gesetzer (2025, FGIL) huet hie selwer den Zenario geschriwwen.
2022 entstoung déi éischt Zesummenaarbecht tëscht dem Marc Angel an dem Auteur an Historiker Charel Meder: De grafesche Roman Schortgen beschreift d’Liewe vun dem éischten Aarbechter, deen an d’Chamber gewielt gouf. Den Album gouf zu Lëtzebuerg e grousse Succès a steet op der Lëscht vun de recommandéierte Bicher vum Educatiounsministère.
Marie oder den zweete Präis
Charel Meder (Text) a Marc Angel (Illustratiounen)
Point Nemo Publishing
ISBN 978-99987-617-3-5
124 Säiten
28€