
Presseinformatioun vun der Damaris Pletschette:
D'Damaris Pletschette wunnt zu Waldbëlleg a schafft als Sozialpädagogin an zënter 13 Joer als haaptberufflech Storyteller an de Maisons Relaisen vun der Gemeng Jonglënster. Si huet 4 Joer zu Hamburg Schrëftstellerei studéiert.
De Personnage vum Akku baséiert op hirem eegene Mupp deen als Welpen net auszehidde war. Dëse Summer huet si op Basis vum liewensechten, verspilltenen Personnage « Akku » e Kannerbuch gemaach. Et geet em Frëndschaft an Zauberei.Dat vermëttelt Wëssen iwwer Gorillaen ass natierlech wouer. D´ Fotoen illustréieren eng regional Handlung di e.a. um Schéissendëmpel, an der Halerbaach an bei de Wandmillen am Aerenzdall spillt.
D'Buch ka bestallt ginn op: damaris.hp@gmail.com oder et kann een et de Freideg 27.November vun 19h00 am Café Dina zu Waldbëlleg kafen.
"Den Akku a säi Gorilla"
Damaris Pletschette
56 Säiten, 30 Fotoen
ISBN 978-2-87996-363-1
30€