Buch vun der WochMelanie Raabe: Der Schatten

RTL Lëtzebuerg
"Der Schatten" koum am btb Verlag eraus.

Melanie Raabe ass eng jonk däitsch Schrëftstellerin. Si huet Medien- a Literaturwëssenschaft studéiert, am Dag dann als Journalistin geschafft, a nuets Bicher geschriwwen. No Kuerzgeschichten bréngt si 2015 hiren éischten Roman eraus “Die Falle”. Den Thriller huet grousse Succès, och am Ausland, souguer d’Filmrechter gi verkaaft. Dann am August 2016 verëffentlecht si “Die Wahrheit”, an lo, zwee Joer drop, “Der Schatten”.

D’Norah, Mëtt 30, Journalistin, ass grad vu Berlin op Wien geplënnert.
Si huet sech vun hirem Frënd getrennt, Wien soll en neien Ufank sinn, vläicht ass et och e bëssen eng Flucht virun hirer Vergaangenheet...

‘t ass Wanter, an di éisterräichesch Haaptstad emfänkt d’Norah mat liicht morbider Stëmmung. Di jonk Fra ass onroueg, fillt sech eleng, an ass
vill- och nuets- zu Fouss ënnerwee, fir sech mat hirer neier Welt ze familiariséieren.

An da fält d’Norah enges Daags iwwer eng Heeschefra, déi hir prophezeit, den 11. Februar den Arthur Grimm ëmzebréngen... D’Norah kennt keen Arthur Grimm. A firwat soll si deen ermuerden?? A wat sinn dat fir mysteriéis Zeechen, deene si well op Schratt an Tratt begéint? Si fillt sech verfollegt, héiert Schrëtt, kritt e spezielle Geroch net méi aus der Nues. Aus hirer Wunneng verschwanne Saachen, anerer dauchen op, a si fënnt keng Erklärung, wou se hierkommen. Hir Frënn zéie sech zréck, si kritt komesch Smsen. An sou mécht d’Norah sech op d’Sich no den Hannergrënn: firwat dréckt alles si, scheinbar ouni Auswäichméigelechkeeten, Richtung Mord?

An da kritt si op eemol Hiweiser zu deem Grimm: hir Weeër hunn sech schonn eng Kéier gekräizt, virun zwanzeg Joer, deemools wéi hir beschte Frëndin Valerie sech d’Liewe geholl huet. Hat dee Grimm eppes domat ze dinn? War hien éiere Schold um Valerie sengem Dout? Mä dat wär jo dann wierklech eng Ursaach, deen Drecksak dofir bezuelen ze loossen...

Sou mysteriéis, sou gutt: eng Fra, am Beruff an am Privatliewen ganz engagéiert a mat engem grousse Gerechtegkeetssënn, kritt Donneeën zu engem Verbriechen, wat si deemools aus der Bunn geworf hat, an si haut nach belaascht. Si kritt deen presentéiert, deen allem Uschäin no, Schold war, an deen och säi ganzt Liewe laang, an all senge Bezéiungen, perfid, manipulativ an extrem gewalttäteg ass. De Gedanken, deen Typ ze stoppen, gëtt ëmmer méi realistesch, a fänkt u konkret Formen unzehuelen.

D’Melanie Raabe huet et an “Der Schatten” fäerdeg bruecht, eng ganz spannend Geschicht op d’Been ze setzen: mysteriéis an heiansdo luguber, woubäi d’Wieder an d’Stad Wien déi Stëmmung perfekt ofronnen. D’Autorin erschaaft eng Atmosphär, an där d’Norah sech ëmmer weider an eppes eranzéie léisst, wat si net versteet, a sech dann sou do dra steigert, dass si der Realitéit -a sech selwer- net méi traue kann.

Eng intelligent opgebaute Story, verschidden Erzielperspektiven, e clever inszenéierte Plot, interessant Personnagen, alles duerchduecht an an enger flotter Sprooch, jo, di 400 Säiten vun “Der Schatten” hu mir richteg gutt gefall. An natierlech kënnt zum Schluss dann nach de groussen “Aha”, deen och nach weider Bemierkungen wäert wär, mä well ech awer net ze vill verrode wëll, kann ech do leider leider net drop agoen...

Buch vun der Woch “Der Schatten” vum Melanie Raabe

Back to Top
CIM LOGO