Buch vun der WochMick Herron: Slow horses - Ein Fall für Jackson Lamb

RTL Lëtzebuerg
Mat "Slow Horses" huet de Mick Herron säin Debut als Auteur vu Spionage-Romaner ginn. Lo koum d'Buch an der däitscher Iwwersetzung bei Diogenes eraus.

De jonken Agent River Cartwright geréit an e Fall deen em d’Genéck brécht, well hien eng Faute grave mécht a fir säin Service net méi wierklech ze veräntwerten ass. Erausgeheie kann een den Agent awer net, esou datt hie wéi vill anerer doropshin op Slough Horses kënnt. Fir genau ze sinn e Gebai an zimlech schlechtem Zoustand an der Géigend vu London, wou di ausrangéiert MI5 Agente ganz speziell Aufgabe kréien an, beispillsweis Poubellen duerchsichen, zu hirem Alldag gehéiert, well se do net vill kënne falsch maachen.
An och net zoufälleg gi si Slow Horses genannt a maache gläichzäiteg däitlech wéi et ëm de Secret Service a Groussbritannien bestallt ass, nämlech net gutt. Wärend also di eemoleg Agenten éischter en tristen Alldag zelebréiere,n taucht am Internet op ee Mol e Video op vun engem jonke Mann, dee bannent 48 Stonne soll gekäppt ginn. An dobäi handelt et sech net wei ee villäicht erwaarde géif ëm eng islamistesch motivéiert Dot, nee et sinn national Fanatiker, déi hei um Wierk sinn. De River gesäit hei seng grouss Chance an huet sech zum Ziel gesat dëse Fall ze léisen. Zusamme mat sengen Aarbechtskollegen ënnert der Regie vum Jackson Lamb wëlle si weisen, datt si awer nach fir eppes ze gebrauche sinn.

Ech muss soen den Ufank huet sech immens an d’Längt gezunn, sou datt ech schonns um Iwwerleeë war d’Buch nees op d’Säit ze leeën. Nodeems kloer war, datt de River eng déck komme gelooss hat, ass d’Geschicht net méi wierklech weidergaangen. Kapitel fir Kapitel goufen di eenzel Protagonisten an all hiren Detailer beschriwwen an awer konnt ech keng Sympathie zu hinnen opbauen an ech hu mech gefrot, wéini dann elo di eigentlech Geschicht ugeet. Ech sinn awer bei der Staang bliwwen an hu weidergelies a festgestallt, datt d’Buch mat all Säit besser gouf. Och wann et bëssi gedauert huet, koum awer deen entscheedende Moment, wou d’Geschicht lancéiert war.
Wann ech um Ufank nach gefaart hunn, et wär en dout langweilegt Buch, sou hunn ech awer misse feststellen, datt et ëmmer méi spannend gouf. Et dierft een sech awer net e klassesche Krimi virstellen deen no Schema X opgeléist gëtt. Ma et ass e Buch ronderëm d’Spionage am britesche Geheimdéngscht. Den Domän vun de Geheimagenten, de kale Krich an di Joren duerno awer och di Serie vun Attentater am Juli 2005 zu London déngen als Hannergrondgeschicht an awer och als Erklärung fir vill Emstänn, déi di aktuell Erzielung prägen. De Secret Service, deen an England ëmmer seng fest Roll hat, geréit duerch dat, wat an der Welt geschitt, notamment den Terror ëmmer méi an eng prekär Situatioun. Wéi mat der neier Aart vu Kriminalitéit ëmgoen? An de Mick Herron fënnt seng ganz eegen Aart a Weis mat dëser Thematik ëmzegoen.
Ironie, Sarkasmus an Humor sinn déi Elementer, déi dëse Roman allefalls charakteriséieren. Mä genee wei beim Plot muss een och beim Schreifstil eréischt erakommen. Duerno mierkt een awer, datt d’Dialoger flott an dynamesch geschriwwe sinn, an een heiansdo oppasse muss, datt den Auteur een net hannert d’Liicht féiert, well de Mick Herron versteet säin Handwierk Froen an de Raum ze werfen an eréischt vill méi spéit ganz anescht, wéi een et erwaart huet, opzeklären.

An och wann dëst Buch an däitscher Sprooch elo eréischt erauskoum, esou gëtt et schonns 6 Bicher aus der Rei mam Jackson Lamb, déi ursprénglech op Englesch eraus komm sinn, sou datt Buch “Slow Horses” schonn aus dem Joer 2010 ass an elo vum Stefanie Schäfer iwwersat gouf. Wien et also net erwaarde ka schonn dat nächste Buch ze liesen, dee ka schonn am Englesche weiderliesen. Déi nächst Iwwersetzunge wäerten awer sécher net laang op sech waarde loossen.
Ech perséinlech mengen ne,t datt ech deen nächste Band liese wäert, well ech dat Buch nieft deene positiven Aspekter, awer eben och mat vill langweilege Säite verbannen, déi ech mer gären erspuert hätt. Fir Fans vu vill Ironie, Sarkasmus an e bëssi méi speziellem Humor misst dëst Buch awer puer flott Stonnen erméiglechen.

Back to Top
CIM LOGO