Lecture vun heiheem"N'acceptez plus n'importe quoi dans votre assiette!"

RTL Lëtzebuerg
© éditions Kawa

Normalerweis stelle mer Iech an eiser Lecture vun heiheem keng Sachbicher vir. Dës Woch maache mer do emol eng Ausnam! Eis gesond ernieren, dat wëlle mer am Fong alleguer. Mä wien sech e bësse mam Thema beschäftegt, dee riskéiert sech séier am Dschungel vu verschiddene Regimer, widdersprëchleche Rotschléi, Informatioun an Desinformatioun ze verléieren. D’Allergologin Dr Nadia Terki déi zu Lëtzebuerg lieft a praktizéiert, an d’Aptiktesch Dr Evelyne Aguilera-Aymard weise mat engem neie Buch e Wee duerch deen Dschungel. “N’acceptez plus n’importe quoi dans votre assiette!” D’Bea Kneip huet sech mat der Dr Nadia Terki ënnerhalen.

“N’acceptez plus n’importe quoi dans votre assiette” vun der Dr Nadia Terki an der Dr Evelyne Aguilera-Aymard ass bei den éditions Kawa erauskomm.
Der Dr Nadia Terki kënnt Dir iwwregens och haut de Mëtten (Samschden 10te Mäerz) um hallwer 3 bei enger Konferenz am Carré Hollerech begéinen déi si am Kader vun den “Transition Days” hält. Weider Detailer op www.transitiondays.lu

Dr Nadia Terki
Dr Nadia Terki
© RTL/Bea Kneip

Back to Top
CIM LOGO