Buch vun der WochNachtwild vum Gin Phillips

RTL Lëtzebuerg
© dtv

Dësen Szenario wëll een sech wierklech net virstellen: et geet e mat sengem Kand an den Zoo fir do puer flott Stonnen ze verbréngen an dann tauchen do Terroristen op a schéissen ronderëm sech. Ma genee dorëms geet et am Roman vun der Gin Phillips: Nachtwild. Si beliicht déi Thematik aus der Siicht vun enger Mamm: wéi reagéiert een als Mamm, wéi eng Suergen a Gedanken ginn engem do duerch de Kapp, wat hëlt een als Mamm alles op sech fir säi Kand ze beschützen.

D’Joan geet wéi sou oft mat hirem Jong, dem Lincoln, an de Zoo. Si kennen den Zoo gutt, si sinn oft do. Wéi si sech des Kéier op den Heemwee wollte maachen, hunn si bemol Schëss héieren. Wéi d’Joan bis realiséiert huet, wat wierklech lass ass, och eleng schonn vun de Läichen déi si vu wäitem um Buedem leie gesinn huet, hat si just een Ziel: sech mam Lincoln iergendwou sou gutt wéi méiglech verstoppen.Et mierkt een gutt, wéi vill Gedanken d’Joan sech mécht fir genee dat ze erreechen. Si iwwerleet, decidéiert an reagéiert. Duerch dat ganzt Buch versicht si keng Zäit ze verplemperen. Et geet em Liewen an Doud. An als Mamm ass hier méi wichteg, datt hiert Kand, also de Lincoln iwwerlieft, wéi si selwer.

D’Joan huet an enger eideler Perch eng ganz gutt Stopp fonnt fir si Zwee. Wichteg ass awer, datt de Lincoln mat spillt, an datt hien kee Kaméidi mécht. Wat guer net sou einfach ass, fir e Kand am Alter vu 4 Joer. D’Situatioun fänkt un heikel ze ginn, wéi de Lincoln hongereg ginn ass. Zesummen mat hirem Bouf, versicht si bei d’Automaten ze kommen, wou een eppes ze iesse kafe kann. Dat ass enorm riskant fir vun den Terroristen entdeckt ze ginn. Trotzdem wot si et, mee op der anerer Säit ass d’Gefor, Terroristen op si opmierksam ze maachen méi grouss, wann den Lincoln vun Honger e bemol ufänkt mat kräischen. Nodeems hien eppes giess hat, geet bemol Dier vum Restaurant op, bei deem déi Automate stinn, an en Teenager si an d’Gebäi wénkt fir sech do ze verstoppen.

Ihr Gehirn rotiert, alles geht darin wild durcheinander, aber ihre Füβe laufen weiter, an den leeren Vitrinen vorbei, in denen sonst Muffins und Apfelplunder liegen. Wenn Joan von unten durch die Fenster schaut, kann sie die Unterseite des strohgedeckten Dachs erkennen, dahinter ist alles dunkel. Von hier drinnen wirkt die Dunkelheit absolut – sie kann weder das Elefantengehege sehen noch die fernen Kiefern oder die beleuchteten Straβen. Das Strohdach scheint kein Ende zu nehmen, und die Welt dahinter könnte ebensogut Afrika sein.

Do kommen och aner Persounen mat an d’Spill, an et léiert een och d’Tätere besser kennen an och wiesou si des Dot iwwerhapt geplangt hun. Dat ze liesen huet mir schonn d’Schudderen de Réck erof lafe gelooss.

Wann een sech lo als Lieser erwaart, datt just de Volet vun dem Thriller behandelt gëtt, da riskéiert een enttäuscht ze ginn. D’Themen wéi eben d’Relatioun tëscht Mam a Kand, wéini ee Friemen hëllefe soll spillen an dem Buch och eng wichteg Roll.

De Thriller spillt sech bannent 3 Stonnen of, am Zoo, woubäi alles wat déi aner Säit vun e Maueren keng grouss Roll spillt. D’Gin Philipps huet den Zoo bewosst erausgesicht, eng Plaz wou vill Elteren mat hire Kanner ginn. Am Normalfall si just Déieren déi agespaart, hei am Thriller sinn jo dann och d’Mënschen, déi net méi fort kommen.

Den Terrorismus ass en Thema mat deem sech déi wéinigst beschäftege wëllen, en Thema wat awer ëmmer rem an den Neiegkeete present ass. Vill Eltren maachen sech Suergen wann se mat de Kanner an de Kino ginn oder an de Fliger klammen. D’Angscht datt de Kanner eppes geschitt ass grouss, an trotzdem ass et fir d’Gin Philipps wichteg, datt se net d’Iwwerhand kritt. Et soll een sech och iwwer d’Freed fir Elteren ze sinn bewosst sinn.

Mat all dëse verschiddenen Themen an dem Styl wéi d’Autorin schreift, ass Nachtwild fir mech e gelongent Buch. Ech hunn et spannend fonnt a konnt net erwaarden wéi et géing ausgoen.

Nachtwild vun der Gin Phillips ass am dtv Verlag erauskomm.

Back to Top
CIM LOGO