Buch vun der WochNanos

Tiffany Saska
Eng verstoppte Muecht, déi d’Weltherrschaft iwwerhëlt. En Zeenario, dee schonn an dem engen oder anere Film virkoum

Ma net nëmmen a Filmer kënnt dat vir. Dat neit Buch vum Timo Leibig beschreift genee esou eng Muechtstruktur mä net duerch Extra-Terrestren oder soss Kreature mä duerch eis Liewensmëttelindustrie, d’Tiffany Saska.

Buch vun der Woch: Nanos

Däitschland am Joer 2028. D’Welt ass eng ganz aner wei déi déi mir kennen. Et ass awer net direkt eng politesch Muecht, déi d’Bierger beaflosst. Et sinn eis Liewensmëttel déi d’Mënschheet beaflossen, manipuléieren an all individuelle Wëllen zerstéiert. Fir genee ze sinn, sinn et Nanopartikelen an eisem Iessen an dem Drénkwaasser déi maachen, datt d’Leit just nach enger Stëmm follegen an zwar der Regierung ronderëm den Johann Kehlis.

Mä natierlech ginn et och hei, wei an all aneren Zeenario, Protagonisten, déi sech dësem Afloss entzéie kënnen a resistent géint déi verstoppten Nanodeeler sinn, si sinn also free wéi et am Buch heescht. D’Rebelle fannen sech zesummen an versiche géint dës immens Kraaft unzekommen an de Kehlis ze stierzen. Ee vun hinnen ass d’Maria, déi gären aus dem ganzen Albdram ausbrieche géif mä hire Jong ka si net zréck loossen. E weidere Protagonist ass de Malek Wutkowski, e Prisonéier, deen et gepackt huet aus dem Prisong fortzelafen an deen u sech einfach nëmme fräi well sinn. De Kampf géint dës Manipulatioun interesséiert hien net an awer muss hien d’Spill matspille well hie sengem beschte Frënd Tymon um Stierfbett versprach huet, op seng Schwëster Maria opzepassen. Hie gëtt vun de Rebellen opgeholl a kämpft un hirer Säit géint de Kehlis.
Den Timo Leibig beschreift a sengem neie Thriller ''Nanos: Sie bestimmen was du denkst’’ eng ganz grujeleg Zukunft, déi op den éischte Bléck absurd klengt an op den zweete Bléck awer guer net esou onrealistesch méi ass, wann een dach weess datt eis Liewensmëttel haut scho voller Partikel sinn, och wann et „just“ Plastik ass. Mä wat sinn déi wierklech Auswierkungen dovunner?
An och wann dësen Zeenario an der Zukunft läit, esou erkennt een dach vill Musteren och elo schonn an eiser Gesellschaft. Komplett fräi liewe mat eegenem Wëllen ouni Iwwerwaachung an enger onofhängeger Politik. Näischt dovu léist sech haut ouni Aschränkunge fannen.

An och eis Liewensmëttelindustrie gëtt ëmmer méi vu e puer wéinege Firmen dominéiert, déi duerch hir Lobbyaarbecht extremen Afloss op eis Politiker huelen. Sief et Ofkomme wei TTIP oder eng EU déi genee reglementéiert wéi eng Liewensmëttel an den Handel kommen an wéi eng net. An och geschichtlech loossen sech am Buch ëmmer nees Repèren fannen, beispillsweis mat dem DDR Regime. Eng staark Muecht, déi versicht alles ze kontrolléieren an déi, déi sech dem net wëllen higinn, gi verfollegt, denunzéiert a bestrooft; selwer an der eegener Famill. Kengem kann ee méi trauen.

Et ass e Buch, dat sech gutt a séier liese léist. Duerch seng Struktur kann een trotz ville Spréng an der Geschicht gutt suivéieren. Spannend, ënenrhalend a mat ëmmer neien Iwwerraschungen, iwwerzeegt dës Buch. Eng Libesgeschicht dierf awer natierlech och net feelen.
An awer mëscht engem dat Ganzt awer och bëssi Angscht. Den Zeenario ass a bleift fiktiv an awer reegt d’Geschicht sécher zum Nodenken un.
An och wann d’Buch mir gutt gefall huet, esou gëtt et awer een negativen Aspekt. Um Ufank duecht ech, datt et en eenzele Roman wier. Mat all deenen opene Froen zum Schluss a ville Cliffhanger gëtt awer däitlech, datt et eng Fortsetzung muss ginn, déi dann och effektiv fir d’Fréijoer 2019 geplangt ass.

Back to Top
CIM LOGO