Lecture vun heiheemNei Bicher a flott Kaddoen am neie Joer!

RTL Lëtzebuerg

An eiser Lecture vun heiheem stelle mer Iech haut Bicher vir, mir hunn eng Invitatioun fir Iech, an et gëtt och eppes ze gewannen! D‘Bea Kneip mat den Detailer

.

Dir hutt et héieren: Mir hunn e ganze Koup Bicher hei leien déi mer Iech gäre géife schenken, also schreift séier en SMS mat „Buch“ op de 62468, fir 50 Cent de Message.

14. Januar 2018: Matinée zu Mamer

E literareschen Apero fir den 80. Gebuertsdag vum Josy Braun

Dëse 14. Januar wier ee vun de villsäitegste Lëtzebuerger Auteuren 80 Joer al ginn. De Josy Braun, deen den 3. August 2012 am Alter vu 74 Joer gestuerwen ass, huet e räicht Wierk hannerlooss: Romaner, Kannerbicher, Theaterstécker, Cabaretstexter, Gedichter, Héierspiller ... Seng Handschrëft a seng Fieder bleiwe lieweg a senge ville Publikatiounen, a sengem Engagement fir d’Lëtzebuerger Sprooch an a senger minutiéiser Recherche-Aarbecht.

Un Hand vun Extraiten aus senge Wierker ënnerhale sech d’Christiane Kremer, de Claude Mangen an de Jay Schiltz iwwer de Schrëftsteller a Linguist, den Theaterauteur an Acteur, de Journalist a Kabarettist bei engem literareschen Apero am Pavillon “Am Brill” zu Mamer e Sonndeg, de 14. Januar 2018 um 10.30 Auer. Den Entrée ass fräi.

Back to Top
CIM LOGO