
Eist Buch vun der Woch ''Neujahr’’ ass dat neiste Buch vun der däitscher Schrëftstellerin an stellt dës Kéier eng Famill an hiren alldeegleche Challenge Zesummeliewen ze managen an de Mëttelpunkt. D’Tiffany Saska huet sech d’Buch méi genee ugekuckt
D’Juli Zeh ass an deene leschte Joren duerch hir gesellschaftskritesch Bicher bekannt ginn. Eist Buch vun der Woch ''Neujahr’’ ass dat neiste Buch vun der däitscher Schrëftstellerin an stellt dës Kéier eng Famill an hiren alldeegleche Challenge Zesummeliewen ze managen an de Mëttelpunkt. D’Tiffany Saska huet sech d’Buch méi genee ugekuckt
Den Henning an d’Theresa sinn eng ganz normal Koppel, där et un näischt feelt. Si hunn zwee gesond kleng Kanner, de Jonas an d’Bibbi, kënne regelméisseg an d’Vakanz fueren a mussen sech ëm Geld net wierklech Suerge maachen. D’Theresa schafft an engem Steierbüro a Vollzäit a bréngt domadder méi Geld mat heem wéi den Henning. Hie schafft an engem Verlag, mä huet nëmme méi nach eng hallef Plaz fir sech ëm d’Kanner an de Stot ze këmmeren. Fir den Henning net déi optimal Léisung, mä en arrangéiert sech.
Tëscht de Feierdeeg well d’Famill da mol nees Vakanz maachen, sou datt si op Lanzarote fléien. Eng Destinatioun, déi net déi éischte Kéier an engem Roman vum Juli Zeh virkënnt. No enger éischter onspektakulärer Silvesterfeier brauch de Familljepapp Zäit fir sech a lount sech e Vëlo fir Richtung Femés an d’Vulkanregioun ze fueren. Während der Vëlostour ginn dann ëmmer nees Réckblenden integréiert, déi dem Henning seng Vergaangenheet sollen opschaffen.
Wei en uewen um Zil ukënnt an bei enger Fra am Haus ënnerkënnt fir do eppes ze iessen, mierkt den Henning, datt hien net déi éischte Kéier do ass. Hie muss feststellen, datt hien als Kand schonn op der Plaz war an alles dat, wat mat dem Moment ze dinn huet, verdrängt huet. Hie fänkt u seng Vergaangenheet ze verschaffen an dëst net ouni Konsequenze fir seng Famill.
''Neujahr’’ beschreift op den éischte Bléck all déi Erausfuerderungen, déi Elteren am Alldag meeschtere mussen. Kuckt een awer méi genee, ass et d’Beschreiwung vun engem Familljepapp voller Zweiwel. Hie kämpft an éischter Linn géint sech selwer, seng Roserei, seng Erwaardungen u sech selwer an déi permanent Angscht ze versoen. Et ass net nëmmen dat Bild vum Papp, dee Geld mat heem bréngt, wat hei beschriwwe gëtt ma et ass d’Geschicht vun engem Papp, dee versicht sech ëm seng Kanner ze këmmeren an awer permanent u sech zweiwelt an domadder zu enger tragescher Figur gëtt. Eng Figur, déi et bis elo an der Literatur esou nach net gouf.
Domadder dierft d’Juli Zeh vill jonk Elteren uschwätzen, déi ähnlech Erfarunge gemaach hunn. Et ass net den Bierg, deen hie mam Vëlo bezwénge muss, et ass hie selwer an all dat, wat hien an deene leschte Jore verdrängt huet, wat hie verschaffe muss. Ausdrock fannen déi Erliefnisser a Panikattacken, déi ëmmer méi dacks och während der Nuecht kommen, an déi verluere Perséinlechkeet op eng ganz haart Prouf stellt. D’Verhältnis zu senger Schwëster stellt sech dann duerno als den Ursprong vum Problem eraus, sou datt den Henning seng Bezéiung zu hir an hir Plaz an sengem Liewen iwwerdenken muss.
An och wann ee vill tëscht den Zeile liese kann, esou gëtt den Trauma, deen den Henning duerchliewen muss, um Schluss an dem Sënn opgeléist, als dass den Lieser net mat villen oppene Froen zréck gelooss gëtt, ma de Protagonist seng ganz kloer Konsequenzen zitt
an sech domadder selwer aus sengem Däiwelskrees befreit. En Element, wat mir um Buch ganz gutt gefält.
Et ass ee vun de Juli Zeh Bicher gewinnt, dass se un d’Substanz ginn an zum Nodenken ureegen. Ongewéinlech bei dësem Buch ass, datt et mol eng Kéier keen esou en decke Roman ass a mat 191 Säiten e bëssen aus dem gewinnte Kader fält.
An nach eppes ass anescht. Och wann ech schonn e puer Bicher vum Juli Zeh gelies hunn an ech mir ëmmer ganz vill vu der gefeierter Schrëftstellerin erwaart hunn, esou konnt mech nach kee Buch zu 100 Prozent iwwerzeegen. Hire kale Schreifstil ouni vill Schnick Schnack konnt mech nach ni wierklech fesselen. Dës Kéier geléngt et dem Juli Zeh awer, datt ech mech zu all Moment froe wei et weidergeet an d’Buch net wierklech aus der Hand konnt leeën. E Buch, wat en aktuellt Thema uschwätzt an och wann et kuerz a knapp ass a vill Aspekter wéist. Fir mech vum Juli Zeh bis elo dat stäerkste Wierk.
Fir Juli Zeh Fans ass domadder dëst Buch en absolute Muss. Fir déi, déi sech nach wëllen iwwerzeege loossen, dierft sech d’Lecture awer och op alle Fall lounen.