Buch vun der Woch"Patria" vum Fernando Aramburu

RTL Lëtzebuerg
© Rowohlt Verlag

Patria ass dat neit Buch vum Fernando Aramburu. E Buch mat enger geschichtlecher awer gläichzäiteg ganz aktueller Thematik an enger méi wei gelongener Aart a Weis dës an e Roman ze paken. E Wierk, wat sécherlech nach vun sech wäert riede maachen. Tiffany Saska.

Patria ass dat neit Buch vum Fernando Aramburu. E Buch mat enger geschichtlecher awer gläichzäiteg ganz aktueller Thematik an enger méi wei gelongener Aart a Weis dës an e Roman ze paken. E Wierk, wat sécherlech nach vun sech wäert riede maachen Tiffany Saska.

Patria thematiséiert den Terrorismus a Spuenien a seng Folge fir d’Zesummeliewe vun de Mënschen. De Fernando Aramburu schreift iwwert Euskadi Ta Askatasuna kuerz ETA, wat sou vill heescht wei Baskeland a Fräiheet . Et handelt sech dobäi ëm eng Separatistenorganisatioun, déi säit 1959 fir en onofhängegt Baskeland kämpft huet. No méi wéi 50 Joer Terror, 4000 Attentater an iwwer 800 Doudesaffer mussen d’Separatisten opginn an nach haut sëtze vill vun hinnen am Prisong. Hannerlooss hunn se dausende vu Familljen, déi nach haut mat de Folge vun dësem Terror liewe mussen, a mat Patria erzielt den Aramburu genee d’Geschicht vun dëse Familljen. Et ass net den Terror, ma dat wat en mat de Leit mécht, wat den Auteur, dee selwer aus dem Baskeland kennt, an de Virdergrond wëll stellen.

An sou dréit d’Geschicht ëm zwou Familljen déi sech nëmme begrenzt fir Politik interesséieren an sou fir eng grouss Majoritéit stoe sollen. D’Bittori an d’Miren sinn zwou Fraen déi jorelaang bescht Frëndinne waren. Duerch hir ënnerschiddlech Siichtweis op hir Patria, hir Heemecht, ginn si allerdéngs zu battere Feinden.

D’Bittori an hir Famill si géint Separatisten, sou dat hire Mann vun den Terroristen erschoss gëtt. 20 Joer méi spéit, op dem Dag wou d’ETA kapituléiere muss, besicht si d’Graf vun hirem Mann. Si ass un Kriibs erkrankt an huet net méi laang ze liewen sou dat si nach um Graf decidéiert nees zréck an hir al Heemecht ze goe fir erauszefanne wat deemools wierklech geschitt ass. Si wëll de Schëllege fannen an déi ukloen déi deemools einfach ewechgekuckt hunn an net gehandelt hunn. Domat bréngt si immens vill Onrou an dat klengt Duerf. Do wunnt nach ëmmer dem Miren seng Famill, sou dat di zwou Fraen sech net éiweg kënnen aus de Féiss goen. De Verdacht vum Bittori dem Miren säi Jong kéint eppes mat der Dot vun deemools ze dinn hunn, mëscht d’Situatioun net méi einfach. Hien huet zur ETA gehéiert, gouf verhaft a sëtzt och nach ëmmer am Prisong. Et ass dem Miren säi Mann Joxian, dem et geléngt, déi zwou Famillen nees beieneen ze féieren. Nieft dem Familljendrama beschreift den Aramburu awer och, wéi de Staat, säi Justizapparat an d’Police mat dem Terror deemools ëmgaange sinn.

Duerch vill Erklärunge vun deene verschiddenen Aspekter vun dëse 50 Joer Terror ass et dem Lieser méiglech, sech en Iwwerbléck ze verschaffen ouni verluer ze goen. Dem Aramburu geléngt et en schwieregt an eis éischter onbekannt Thema méi no ze bréngen. Duerch eng kloer a einfach Sprooch bréngt den Aramburu et op de Punkt a verléiert de Lieser net a sengen iwwer 30 Kapitelen. Duerch verschidden Zäitspréng weess een awer net ëmmer ganz genee wou ee grad drun ass, ma de roude Fuedem geet net verluer.
Hien schreift vu senger Patria och wann hien zënter Joerzéngten an Däitschland lieft a schafft. Et sinn déi grouss Theme Frëndschaft, Schold, Léift an Vertrauen, déi hien uschwätzt, mä och déi grouss Problematik, dat d’Opfer ausgegrenzt ginn an hinne vermëttelt gëtt, si wäre selwer schold als Verräter un hirer Natioun.
Zu Recht krut dëst Buch d’lescht Joer scho verschidde Literaturpräisser a Spuenien a gouf héich an den Himmel gelueft. An Gottseidank gëtt et zënter Januar eng däitsch Versioun. E Buch, wat 2018 op guer kee Fall am Bicherregal feelen duerf.

“Patria” vum Fernando Aramburu ass am Rowohlt Verlag erauskomm

Back to Top
CIM LOGO