Buch vun der WochRabih Alameddine: L'ange de l'histoire

RTL Lëtzebuerg
„L‘ange de l‘histoire“ (am Original: "The angel of history") ass an der franséischer Iwwersetzung bei Les Escales erauskomm.

Den Auteur vum Buch vun der Woch Rabih Alameddine ass gebiertege Libanes a lieft haut zu San Francisco an zu Beirut. Nieft der Literatur ass hien och international als Moler unerkannt. Fir de Roman „An unneccessary woman“ krut hien eng Parti Präisser, dorënner och de Prix Fémina fir dat bescht auslännescht Buch.

Am Mëttelpunkt vun der Geschicht steet de Jacob, en homosexuellen Affekot, deen zu San Francisco lieft a schafft an niewelaanscht och Poet ass. Mir begéinen en zu engem kriddelechen Ament vu sengem Liewen. Hie sëtzt am Wartesall vun der Psychiatrie, dohinner ass e gaangen fir sech hëllefen ze loossen a sech net méi vun den Dämonen a sengem Kapp steieren ze loossen a sech hin an hierzéien ze loossen tëscht de Gedanken u Selbsmord an der Loscht weiderzeliewen an d‘Vergaangenheet sinn ze loossen.

Déi Dämone sëtzen an där Zäit bei him doheem a probéieren en ëmzestëmmen: den Däiwel, dee wëllt, datt en endlech sech senger Vergaangenheet stellt an den Doud, dee wëll, datt en einfach soll opginn. Derbäi kommen och nach déi 14 Nouthellfer aus der katoulescher Kierch, déi sech all ëm seng Séil këmmere wëllen.

De Jacob erzielt lues a lues seng Geschicht, schreift se a Form vun Agenda u säi Frënd Doc, dee vru ville Joren un AIDS gestuerwen ass.

D‘Geschicht vum Jacob fänkt un zu Beirut, wou en als Fils vun engem mannerjäregen Déngschtmeedchen an dem Jong vum Haus op d‘Welt kënnt. D‘Mamm muss fort mam Puppelchen a geet an hir Heemecht Jemen, wou et awer keng Méiglechkeeten fir ze liewen an ze schaffen fir si gëtt. Um Enn land se mat hirem Bouf zu Kairo an engem Bordell. Mat 10 Joer kënnt de Jacob an de Libanon bei säi Papp, deen en awer an e katoulescht Pensionnat gëtt. Fir de Jacob fänkt eng schwéier Zäit un, hie léiert gutt, ass awer en Eenzelgänger a gëtt vun de Matschüler gemobt a brutaliséiert, kënnt iwwer Stockholm op San Francisco. Um Héichpunkt vun der AIDS-Epidemie verléiert en der Rei no Frënn a Bekannten.

Sou chronologesch a linear wéi ech se elo hei resuméiert hunn, ass d‘Geschicht awer net erzielt. Dat mécht se intressant, awer och heiansdo ustrengend. Si illustréiert awer op eng markant Manéier de Séilenzoustand vum Protagonist, deen eis net nëmmen en Abléck gëtt a seng perséinlech Gefiller an Erliefnesser, mä och en historesche Bou zitt, mat dem Krich am Libanon iwwer d‘1980er Joren an den USA, d’arabescht Fréijoer viru Joren bis bei d’Bombardementer a Syrien vun haut.

„L‘ange de l‘histoire“ vum Rabih Alameddine ass e komplexe Roman, dee sech op e puer Niveaue liest, deen d‘Sensibiltéit vum Auteur duerch eng ganz räich Sprooch erëmgëtt.

Buch: Rabih Alameddine “L’ange de l’histoire”

Back to Top
CIM LOGO