
Si sinn dacks inspiréiert, a meeschtens e bëssen improviséiert; hir Inhalter reeche vu prakteschen Informatiounen bis hin zu kontroverse politeschen Diskussiounen. Geschriwwe gi se vu Jonken vir Jonker, hei zu Lëtzebuerg gëtt et se zënter eppes méi wéi 100 Joer. “Schülerzeitungen im Spiegel der Zeit” ass den Titel vun engem Buch an dem den Historiker an Enseignant Marc Birchen seng Recherchen zum Thema Schülerzeitungen zesummegefaasst huet. D’Bea Kneip huet sech mat him ënnerhalen.
.
Wie kennt se net aus sénger Lycéeszäit: meeschtens just e puer Säiten, mat klenge Mëttelen hirgestallt, dofir awer mat vill Idealismus. Schülerzeitungen ginn et der vill, haut huet den Trend e bëssen ofgeholl, wat villäicht och mam Impakt vun de soziale Medien ze dinn huet. Net ëmmer kënnen se sech laang halen, heiansdo geet et just duer fir e puer Ausgaben.
Trotzdem spille Schülerzeitungen eng ganz aktiv Roll am Schoulbetrib an doriwwer eraus, a sinn och e Sproochrouer fir d’Schüler.
E Sproochrouer dat net nëmme mat Texter, mä gären och emol mat Karikature schafft, an dobäi dacks gewollt provokativ optrëtt.
Grad wéi an der Mainstream-Press gëtt et och Schülerzeitungen déi ee verschiddene politesche Borden zourechne kann
Vill vun den Akteuren orientéieren sech dann och spéiderhinn berufflech an d’Richtung Politik oder Journalismus. Awer och eng Rëtsch bekannt Literaten hu fir Schülerzeitunge geschriwwen.
Dem Marc Birchen seng Recherche huet vill nei Froen opgeworf, mat deenen e sech nach méi detailléiert beschäftege wëll. Et ass awer net ëmmer einfach fir al Exemplairen vu Schülerzeitungen opzedreiwen, well se net ëmmer bei de Schoulen oder an der Nationalbibliothéik hannerluecht goufen. Wien also esou Zeitungen vläicht nach doheem um Späicher leien huet, dee ka sech gären bei him mellen.
Kontakt Marc Birchen: marc.birchen2@gmail.com
“Schülerzeitungen im Spiegel der Zeit” vum Marc Birchen gouf vu der Fondation Lydie Schmit erausginn
