Nei um Bichermaart"Sympathesch Kauzen"

RTL Lëtzebuerg
Erzielunge vum Henri Losch ... mat dräi verschiddene Couverturen.

Den Henri Losch mécht nees seng Schatzkëscht vun den Erënnerungen op a féiert de Lieser mat sengem neiste Buch “Sympathesch Kauzen” an d’Vergaangenheet. Mee dës Kéier net a seng eegen, mee an déi vu Personnagen, déi him a sengem Liewe begéint sinn an Androck hannerlooss hunn.

Mat sengem gewinnt charmante Stil féiert den Henri Losch de Lieser an eng vergaangen Zäit, wou d’Liewen nach simpel an echt war. Wou Kanner nach op der Strooss gespillt hunn, d’Leit nach an d’Epicerie akafe gaange sinn an d’Liewe sech um Bauerenhaff ofgespillt huet. Mat vill Witz an Humor beschreift hie schrulleg, sympathesch a wënnerlech Personnagen, déi den Auteur a sengem erliefnesräiche Liewe begéint huet a bis haut net lassgelooss hunn. Et si Mënschen, déi mat hirer Geschicht oder hirem Schicksal beréieren, déi mat hirer Duerchsetzungskraaft Mutt maachen, déi mat hirer Liichtegkeet Freed bréngen. Et si Leit, wéi jiddereen se kennt oder vun deenen ee mol gezielt krut; déi räich Madame vun niewendrun, déi al Matti vun där ni geschwat gëtt, den häerzleche Schoulmeeschter an nach esou vill méi. Net alles ass wouer, wat iwwert se geschriwwe gëtt, munches ass
dobäi gedicht, mee all Geschicht huet hir ganz eege Wourecht.

Loosst Iech op en Neits vum Henri Losch an d’Vergaangenheet féieren a loosst Är eegen Erënnerungen opliewen.

Fir dës flott Erzielungen huet de Verlag Guy Binsfeld sech dräi verschidde Coveren iwwerluecht.

Henri Losch
Den Henri Losch bereest zënter 1931 vun Dikrech aus déi ganz Welt a léisst all seng Erfahrungen als Theater- a Filmschauspiller, Schoulmeeschter, Iwwersetzer an Erzieler a seng onzieleg Publikatioune mat afléissen. Säi Gediechtnes schéngt onerschöpflech, dowéinst verwonnert et net, datt hien, nieft Kanner- a Jugendbicher, virum allem mat vill Häerz iwwer Aventure schreift, déi hie selwer erlieft a gepräägt hunn.

Dorënner sinn z. B. Erënnerungen aus senger Kannerzäit, déi en an Sou laang een drun denkt ... Grouss a Kleng am Krich (1985) an E Bouf erzielt – Eng gewéinlech, ongewéinlech Kannerzäit am Krich (2004) verschafft. Méi lëschteg Theme beschwätzt en a Koppeges a Bosseges – E Schoulmeeschter erzielt (2012), D’Rennscheier – E Guide erzielt(2015) an och an De Kregéiler – E Frënd vun der Natur erzielt(2017). Mat Sympathesch Kauzen (2018) léisst e schrulleg Personnagen zu Wuert kommen.

HENRI LOSCH
SYMPATHESCH KAUZEN
ERZIELUNGEN
SERIE “PERSPECTIVES”
320 Säiten
134 x 210 mm
Gebonne mat Ëmschlag a Liesbändchen
ISBN 978-99959-42-44-1
22,90 €

© Éditions Guy Binsfeld

Back to Top
CIM LOGO