
Näischt gesinn, näischt héieren an näischt soen : sou gi gemenkerhand déi dräi berühmt Afen interprètéiert, déi op eng Fassadeschnëtzerei iwwert der Dier vum Tshò-gù-Schräin am japaneschen Nikkò zréckginn. Dobäi soll et awer eigentlech heeschen: näischt Béises gesinn, héieren oder soen! An da gëtt et och nach e véierten Af, dee steet fir: näischt Béises maachen!
Dëse Leitmotiv huet sech e Serial Killer als Devis geholl, deen zanter fënnef Joer Chicago terroriséiert a scho siwe weiblech Victimen um Konto huet. Hie sicht sech Leit eraus, déi meeschtens am Domän vun der Finanzkriminalitéit aktiv woren a bis elo nach net um Radar vun der Police opgedaucht sinn, an décidéiert, fir déi ze bestrofen. Dofir entféiert hien eng Fra oder e Meedchen, dat dëse Persounen nosteet, a schéckt hinnen no an no Kierperdeeler a klenge wäisse Päckelcher mat engem schwaarze Bändchen mat der Post : d’éischt en Ouer, dann en A a schliisslech eng Zong, fir ganz um Schluss d’Läich vun där Persoun op enger ëffentlecher Plaz ze hannerloossen.
Déi zwee Enquêteure vun der Metropolitan Police, Nash a Porter, si bis elo nach kee Millimeter weiderkomm, wéi se enges Daags op d’Zeen vun engem Accident geruff ginn. Hei huet e Bus e Mann voll erwëscht, dee wollt iwwer d’Strooss lafen, a
grad wou si sech nach froen, firwat si als Membere vun der Mordkommissioun op e banale Verkéiersaccident geruff ginn, gesi si d’Ursaach dofir : e klenge wäisse Pak mat engem schwaarze Bändchen, dat de Mann bei sech hat. An dodra maache si eng grujeleg Découverte : en ofgeschniddent Ouer! Deemno ass deen ominéise Serial Killer elo dout an eng lescht Victime vun him waart iergendanzwousch drop, gerett ze
ginn. Eng verzweifelt Sich no deem entféierte Meedchen fänkt un, bei där déi zwee Kriminaliste vun enger Iwwerraschung an déi aner geroden…
E Krimi, dee mam Dout vum Täter ufänkt, ass eigentlech eppes Ongewéinleches, mä « The fourth monkey » vum J.D. Barker ass nach an e puer aneren Hisiichten exzeptionnel. Exceptionnel fir d’alleréischt a puncto Brutalitéit. Et muss ee scho kal a waarm gewinnt sinn, fir déi vill eekeleg a bluddeg Passagen am Buch ze iwwerstoen ouni sech ze schudderen. Exceptionnell och wat d’Erzielweis ugeet, well se aus dräi verschiddene Perspektive geschitt: där vun den Ermëttler mat hire Froen an Zweiwel,
där vum Täter, deen an engem Tagebuch vu senger extrem schlëmmer Kandheet erzielt, an där vum entféierte Meedchen mat sengen Ängschten an Hoffnungen. A schliisslech exceptionnell wéinst der Spannung, déi zu kengem Moment
noléisst an an der Révélatioun vun engem Killer endegt, op deen een net esou liicht komm wier. Dass den J.D. Barker sech bei dësem extrem gutt konstruéierten a flott erzielten Thriller e puer Fräiheete mat der Glafwierdegkeet an der Realitéit hëlt, fält do
net weider an d’Gewiicht.
« The fourth monkey » ass op Däitsch bei blanvalet erauskomm.