Buch vun der Woch"The Shark Club" vum Ann Kidd Taylor

RTL Lëtzebuerg
D'Buch ass am Penguin Verlag erauskomm.

The Shark Club erzielt d’Geschicht vun der jonker Haifuerscherin Maeve. Am Alter vun 12 Joer gëtt hatt vun engem Haifësch um Bee gebass an hält eng zimlech grouss Narb vun dësem Accident zréck. Am Géigesaz zu sengem Zwillingsbrudder Robin, deen doropshin eng grouss Angscht vis-à-vis vun Haien entwéckelt, empfënnt d´Maeve grouss Sympathie fir dës éischter geféierlech Ozeanrisen. Ma hatt geet nach e Schrëtt weider a gëtt Mieresbiologin a fuerscht iwwer Haien op verschiddene Plazen op der Welt.
Nieft den Haie gëtt et eng weider grouss Léift am Maeve sengem Liewen; den Daniel, e Kandheetsfrënd, mat deem et spéider zesummekënnt an och eng Hochzäit plangt. Da kënnt awer alles anescht. Den Daniel geet friem a kritt mat enger anerer Fra zesummen e Kand.
Jore méi spéit, fir säin 30. Gebuertsdag, kënnt d’Maeve no enger vu senge Fuerschungsreesen nees heem an den Hotel vu senger Groussmamm Perri, wou och säin Zwillingsbrudder Robin schafft. No engem schwéieren Accident vu sengen Eltere viru ville Joren, sinn déi zwee dem Maeve seng Famill. Hatt wëll puer Deeg ofschalten éier et nees weiderreest a Mosambik, fir senger Passioun nozegoen, mä am Hotel waart eng Iwwerraschung op hatt. Um Strand léiert hatt e klengt Meedche kennen, wat, wéi et schéngt, och vun der Ënnerwaasserwelt faszinéiert ass. Séier stellt sech awer raus, datt et sech beim Hazel net ëm iergendeen Hotelsgascht handelt. Den Daniel, seng al Jugendléift, ass zréck a Florida, nodeems d´Mamm vum Hazel gestuerwen ass. An et ass ausgerechent d´Perri, wat dem geléierte Kach eng Plaz a sengem Hotel verschaaft. Mä d´Maeve wëll deenen alen, onverdaute Geschichten net méi aus dem Wee goen a mierkt, datt déi Saach mam Daniel nach net ofgeschloss ass. Mat dem klengen Hazel versteet hatt sech direkt immens gutt a grënnt mat him de Shark Club, well déi zwee d´Léift zum Waasser an den Déiere verbënnt. Mä nieft dem Daniel gëtt et awer nach e weidere Mann, den Nicholas, deen och Mieresbiolog ass a sech an d´Maeve verléift huet.
Wien allerdéngs elo eng ganz klassesch Geschicht vun enger jonker Fra erwaart, déi net weess, wéi ee Mann se wiele soll, läit falsch. D´Maeve ass eng staark Fra, déi sécher duerch d´Vergaangenheet emotional immens veronséchert ass, awer net bereet ass, déi falsch Entscheedung ze treffen. Och wann d´Openeentreffe mam Daniel e Gefillschaos ausléist, esou wëll hat awer selbstbestëmmt versichen, säi Liewen an d´Rei ze kréien an dem richtege Mann ze vertrauen.
D’Buch erzielt d´Geschicht vun enger Léift, déi och no ville Joren a puer Réckschléi nach Bestand huet. Anescht wéi vill Liebesromaner ass dësen awer net onnéideg mat Klischeeë versat a versicht eng ganz authentesch Geschicht ze erzielen. Dëst geléngt mat engem klore Schreifstil och ganz gutt. An nieft enger staarker Haaptprotagonistin ginn et weider interessant Personnagë wéi beispillsweis déi sympathesch Groussmamm
Irritéiert huet mech um Ufank just de Cover vum Buch, deen dorop hindeit, datt et sech ëm e Jugendbuch handelt. Mä dëst entsprécht awer guer net dem Inhalt vun der Geschicht.
An och wann et ënnert dem Stréch e Liebesroman bleift, sou huet dëst Buch awer bësse méi ze bidden. Sou weess ee beispillsweis laang net, wéi d’"Geschicht dann iwwerhaapt ausgeet.
Der Amerikanerin Ann Kidd Taylor ass domat fir mech mat hirem éischte Roman e flott Buch fir de Summer gelongen. Mat der Ambiance vum Mier, der Sonn an den Déiere kënnt dann och direkt dee passende Feeling op. Fir de Kapp ofzeschalten an déi fräi Zäit ze genéissen, kann een dat Buch sécher recommandéieren.

De Summer steet virun der Dier an domat och d´Summervakanz. Fir vill Leit eng Geleeënheet, mol nees e Buch ze liesen. Dobäi ass awer net all Buch dat richtegt, fir um Strand e bëssen ofzeschalten. D´Buch vun der Woch ass fir e gemittleche Plagendag awer genee dat richtegt Tiffany Saska.

Back to Top
CIM LOGO