
Regionalkrimiën ginn et mëttlerweil eng ganz Partie an Däitschland. Et sief hei nëmmen un dem Jacques Berndorf seng Eifel-, dem Nele Neuhaus hir Taunus- oder dem Jörg Maurer seng Alpekrimiën erënnert. D’Romy Fölck, eng jonk Autorin, déi zanter e puer Joer an der Elbmarsch bei Hamburg lieft, huet dës Géigend als ideal Bühn fir hir eege regional gefierwte Krimien entdeckt. « Totenweg » heescht hiren éischte Roman. De Lucien Czuga huet e gelies.
Regionalkrimiën ginn et mëttlerweil eng ganz Partie an Däitschland. Et sief hei nëmmen un dem Jacques Berndorf seng Eifel-, dem Nele Neuhaus hir Taunus- oder dem Jörg Maurer seng Alpekrimiën erënnert. D’Romy Fölck, eng jonk Autorin, déi zanter e puer Joer an der Elbmarsch bei Hamburg lieft, huet dës Géigend als ideal Bühn fir hir eege regional gefierwte Krimien entdeckt. « Totenweg » heescht hiren éischte Roman. De Lucien Czuga huet e gelies.
Niwwel, Wand a Reen : dat sinn d’Haaptattraktioune vun enger Géigend net wäit vun Hamburg, der Elbmarsch an Ostfriesland. Hei wunne Leit déi haart schaffen an net vill schwätzen, meeschtens Uebstbaueren, déi sech dat ganzt Joer iwwer Gedanke maachen, ob hir Apelrekolt eppes gëtt an ob se genuch dofir wäerte kréie, fir weider dovu liewen ze kënnen.
Hei, an deem klengen Duerf Deichgraben ass am Joer 1998 e schrecklecht Verbrieche geschitt. An engem verloossene Véistall beim « Totenweg », engem Wee, deen esou heescht, well hei am 2. Weltkrich 2 Deserteure sollen erschoss gi sinn, gouf d’Dorit Maar, e 14jähregt Meedche brutal ermort. An ausgerechent hir beschte Frëndin, d’Frida Paulsen, huet d’Läich deen anere Muerge fonnt.
Haut schafft d’Frida als Polizistin zu Hamburg an no 13 Joer op Patrull an Uniform wëll si elo den Exame maache fir an de Kriminaldéngscht opgeholl ze ginn. Mä du kritt si op eemol d’Noriicht, datt hire Papp, de Fritjof Paulsen, an der Nuecht virun sengem Haff néiergeschloe gouf. Nodeems si jorelaang kee Kontakt mat hiren Elteren hat, reest si zréck an hir Heemechtsduerf an trëfft hei op de Bjarne Haverkorn, e Kriminalkommissär aus Itzehoe, deen dëse Fall opkläre soll. Deeselwechten Haverkorn, dee virun 18 Joer d’Mordkommissioun geleet huet, déi dem Dorit Maar säin Doud ënnersicht huet. Nodeems et him trotz méintelaange Recherchen net gelonge wor, dem Meedchen säin Doud opzeklären, huet hien d’Handduch geworf an d’Leedung vun där Kommissioun opginn. Mä hie wor ëmmer iwwerzeegt, dass d’Frida him deemools net alles gesot hat, wat hatt wousst. A well déi zwee an engem anere Kontext nees openeen treffen, wëll hien elo endlech dee Fall léisen, deen hien zanter Joeren net schlofe léisst an un deem säin eegent Bestiednes bal zerbrach ass.
An tatsächlech mengt d’Frida ze wësse, wien deemools hir Frëndin ëmbruecht huet, mä deen ass 2003 bei engem Motorradsaccident ëm d’Liewe komm. Wéi am Laf vun de Recherche ronderëm d’Attentat op hire Papp den Hendrich Schuch, e Groussbauer, deen alleguer d’Häff ronderëm opkeeft, an dat zesumme mam Jesper Ahlsen, dem Dorit an dem Frida hirem beschte Frënd aus der Kannerzäit, an de Mëttelpunkt vun den Ermëttlunge geréit, stellt sech eraus, dass de vermeintlechen Täter en Alibi fir d’Mordnuecht hat. Also leeft e Kannermäerder nach ëmmer fräi an der Elbmarsch erëm…
« Totenweg » ass deen éischte Roman vun der jonker Autorin Romy Fölck. Si huet en atmosphäresch dichte Krimi geschriwwen an dobäi eng Géigend a Personnage lieweg gi loossen, déi engem soubal net méi aus dem Kapp ginn. Déi gelonge Mëschung aus aktueller Handlung a Flashbacken léisst zu kengem Moment Langweil opkommen an et ass ee bis zum Schluss gespaant, wat fir eng Gestalt dann aus dem Niwwel vun der Elbmarsch wäert optauchen fir sech als Täter z’erkennen ze ginn.