Lecture vun heiheem"Vulture City" vum Luc François

RTL Lëtzebuerg
© RTL/Bea Kneip

Dëse Weekend steet de Forum Geesseknäppchen mat der Luxcon nees ganz am Zeeche vun Science Fiction a Fantasy. An ëm Fantasy geet et elo och an eiser Lecture vun heiheem. D’Bea Kneip huet sech mam Luc François, engem jonke Lëtzebuerger Fantasy-Auteur, iwwer säin neit Buch Vulture City an iwwert d’Fantasy am allgemengen ënnerhalen.

.

“Vulture City” vum Luc François ass am Dezember als Buch op Däitsch an och als CD erauskomm. Weider Informatiounen fënnt een op www.mindpatrol.net

© Luc François/Stéphane Pianon

De Luc François, 1993 zu Lëtzebuerg gebuer, schreift zënter sengem 13te Liewesjoer Fantasy-Romaner. Bis elo op Däitsch erauskomm: “Der Dämon der Monde” (2009), “Dorns Schlaf” (2012), “Downfall Theatre” (2013), “Mein ewiger Winter” (2016) an “Vulture City” (2017). Ausserdeem ass hien och um Internet-Blog “New Literary Voices” aktiv an ass de Sänger vun der Metal-Formatioun Mindpatrol.

Back to Top
CIM LOGO